Kino Rex

Vu Wikipedia
Kino Rex
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht

De Rex war e fréiere Kino zu Esch-Uelzecht, deen op der Brillplaz stoung.

En huet de 6. Oktober 1938 opgemaach, Proprietär war de Georges Reckinger. Architekt war den Nicolas Schmit-Noesen, d'Gebai ass am Art-deco-Stil. Markant ass déi grouss Plaz an der Mëtt vun der Façade, fir eng Kinosaffiche, déi un eng Leinwand erënnert.

An der Zäit vum Zweete Weltkrich huet e Rex Lichtspiele geheescht.

De 25. November 1965 gouf et e Feier, dat Deeler vum Gebai zerstéiert huet. 1968 war et fir ëmmer eriwwer mam Rex.

Zanterhier gëtt d'Gebai vu Geschäfter benotzt. D'Art-déco-Fassad war jorelaang hanner enger aluminiums Verkleedung verstoppt, si ass eréischt zanter den 2000er Joren[Wéini ?] nees ze gesinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur/Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]