Kirk Douglas

Vu Wikipedia
Kirk Douglas
Gebuertsnumm איסר דניאלאָוויטש, Issur Danielovitch Demsky
Gebuer 9. Dezember 1916
Amsterdam (NY)
Gestuerwen 5. Februar 2020
Beverly Hills
Nationalitéit USA
Educatioun American Academy of Dramatic Arts,
St. Lawrence University
Aktivitéit Filmproduzent, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Auteur, Zaldot, Theaterschauspiller, Schauspiller
Partei Demokratesch Partei
Famill
Bestuet mat Diana Dill, Anne Buydens
Kanner Michael Douglas, Joel Douglas, Peter Douglas, Eric Douglas
De Kirk an d'Anne Douglas mam Ronald Reagan (Dezember 1987)

De Kirk Douglas, gebuer als Issur Danielowitsch Demsky den 9. Dezember 1916 zu Amsterdam (New York), a gestuerwen de 5. Februar 2020 zu Beverley Hills, a Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent an Auteur.

Hie war de Papp vum Schauspiller Michael Douglas.

Am Joer 1946 war de Kirk Douglas am Film The Strange Love of Martha Ivers vum Lewis Milestone fir d'éischt am Kino ze gesinn. Groussen Erfolleg hat hien an der Roll vun engem skrupellose Journalist am Film Ace in the Hole (1951), vum Billy Wilder. Eng vun den Haaptrollen nieft dem James Mason a Peter Lorre krut hien 1954 an der spektakulärer Jules Verne-Verfilmung 20,000 Leagues Under the Sea. vum Richard Fleischer. Den Antikrichsfilm Paths of Glory (1957) vum Stanley Kubrick deen am Éischte Weltkrich spillt gouf a Frankräich eréischt am Joer 1975 fir d'éischt gewise well d'Anciens Combattants géint de Film Stuerm gelaf sinn.

Duerno koumen 2 Western vum John Sturges Gunfight at the O.K. Corral (1957) a Last Train from Gun Hill (1958) beim Publikum gutt un. Groussen Erfolleg hat dunn och de geschichtlechen Abenteuerfilm The Vikings (1958) vum Richard Fleischer deen zum Deel an der Bretagne um Fort-La-Latte gedréint gouf.

Säi gréissten Erfolleg hat de Kirk Douglas mat sengem selwer produzéierte Film Spartacus (1960) ënner der Regie vum Stanley Kubrick an deem hien d'Haaptroll nieft dem Laurence Olivier, Jean Simmons, Charles Laughton a Peter Ustinov gespillt huet.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

vun 1946 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1989[änneren | Quelltext änneren]

vun 1990 bis 2004[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur a Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kirk Douglas: The Broken Mirror. (Roman)
  • Kirk Douglas: Young Heroes Of The Bible.
  • Kirk Douglas: Dance With The Devil. (Roman)
  • Kirk Douglas: Der letzte Tango in Brooklyn. (Roman)
  • Kirk Douglas: The Ragmans Son. 1988. (Autobiographie)
  • Kirk Douglas: Let's Face It: 90 Years of Living, Loving, and Learning. 2007. (Autobiographie)
  • Kirk Douglas: I am Spartacus (2013)
  • Roland Lacourbe: Kirk Douglas. Seine Filme - sein Leben. Heyne, München 1985, ISBN 3-453-86088-8.
  • Christian Bureau: Kirk Douglas. L'ombre d'un géant

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kirk Douglas – Biller, Videoen oder Audiodateien