Kirkenes

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Foussgängerzon zu Kirkenes am Februar 2005

Kirkenes (norweg. [çɪrkənɛs]) ass eng Stad an der Gemeng Sør-Varanger, ganz am Oste vun der Provënz Finnmark an Nord-Norwegen.

D'Stad ass de Verwaltungssëtz vun der Gemeng Sør-Varanger. Si läit um Varangerfjord an huet 4.900 Awunner. Kirkenes läit op dem selwechte Längegrad wéi Sankt Péitersbuerg a Kairo. Ca. 15% vun den Awunner kommen aus dem Ausland. D'Distanz zur Grenz mat Russland bedréit ca. 10 km, déi zu Finnland ca. 35 km.

[änneren] Wirtschaft a Verkéier

Kirkenes ass als Verschëffungshafe fir Eisenäerz entstan. Bis zum Joer 1996 hunn déi meescht vum Ofbau vun de räichhaltegen Eisenäerzer gelieft. Haut ass d' Fëscherei an den Déngschtleeschtungssecteur d'Haaptakommesquell vun den Awunner vu Kirkenes.

Zënter 1908 ass d'Stad d'nërdlech Endstatioun vun de Schëffer vun der Hurtigruten. Well den Hafen wäit bannenan am Varangerfjord läit, do wou dem Golfstroum net hikënnt, muss den zougefruerene Fjord dacks vun Äisbriecher fräigemeet ginn.

De Fluchhafen zu Høybuktmoen gëtt pro Joer vun ca. 150.000 Passagéier benotzt.

[änneren] Geschicht

Kirkenes war am Zweete Weltkrich mat engem Total vun 320 Loftattacken eng vun de meeschte bombardéierte Stied an Norwegen. An der Uertschaft waren ca. 30.000 däitsch Zaldoten stationéiert. Wichteg fir si war d'Verdeedegung vun de Minièren an dem Zougang zum Hafen Murmansk, den eenzegen Hafen am europäeschen Deel vun der deemoleger Sowjetunioun, dee net vun den Däitschen Truppe kontrolléiert gouf. Am Zweete Weltkrich gouf Kirkenes souzesoe ganz zerstéiert. Nëmme ca. 20 Haiser si stoe bliwwen.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Kirkenes – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen