Kirkwood-Fräiraum
D'Kirkwoodplazen an der Asteroidenceinture entspriechen de Bunnen mat Ëmlafzäiten, déi an engem ganzzuelegen Verhältnes zu der Ëmlafzäit vum Jupiter stinn. Asteroide mat dëse Bunnen kënnen net iwwer laang Zäit do existéiieren, well d'Resonanze mam Jupiter optrieden.
D'Verhältnes vun den Ëmlafzäiten bréngt et mat sech, datt op e sou een Asteroid periodesch déi grouss Schwéierkraaft vum Jupiter wierke kann. Als Folleg dovu gëtt den Asteroid aus dëser Bunn no bannen oder baussen hin ofgelenkt. An der Verdeelung vun de grousse Bunnhallefachsen resp. Ëmlafzäiten entsteet e Fräiraum.
E Verhältnes vun 5:2 beispillsweis beseet, datt d'Dauer vu fënnef Ëmleef vum Asteroid gläich der Dauer vun zwéi Jupiterëmleef ass. Well de Jupiter 11,86 Joer fir e Sonnenëmlaf baucht, widderhuelen sech all 23,72 Joer d'Verhältnesser fir en Asteroid mat 4,74 Joer Ëmlafzäit.
De Fräiraum gouf nom Daniel Kirkwood genannt, deen déi Plazen am Joer 1866 no statisteschen Ënnersich vun de grousse Bunnhallefachsen entdeckt hat.
Opfälleg Fräiraim [änneren]
Als opfälleg Fräiraim gëllen:[1]
- 4
- 1-Resonanz: Si lait bei 2,07 AE a begrenzt d'Haaptasteroidenceinture no bannen. Dëssäits vum Fräiraum leien d'Asteroiden vun der Hungaria-Grupp.
- 3
- 1-Resonanz (Hestia-Fräiraum): Si läit bei 2,50 AE a formt d’Grenz tëschent banneschter a baussegter Haaptceinture. Si ass den Urspronk vun den Alinda-Asteroiden, déi duerch Bunnstéierungen op stänneg exzentresch Bunnen gelenkt goufen.
- 5
- 2-Resonanz: Si läit bei 2,82 AE a begrenzt d'Koronis-Asteroidengrupp no bannen.
- 7
- 3-Resonanz: Si läit bei 2,96 AE a begrenzt d'Koronis-Asteroidengrupp no baussen.
- 2
- 1-Resonanz (Hecuba-Fräiraum): Si läit bei 3,28 AE a formt déi baussegt Grenz vun der Haaptasteroidenceinture. Déisäits leien d'Cybele-Asteroiden.
Stabiliséierend Resonanzen [änneren]
Bestëmmt Resonanzen halen awer och d’Asteroiden an hirer Bunn fest. Dat sinn beispillsweis:[1]
- 7
- 4-Resonanz (3,58 AE): Cybele-Grupp
- 3
- 2-Resonanz (3,97 AE): Hilda-Grupp
- 4
- 3-Resonanz (4,29 AE): Thule-Grupp
- 1
- 1-Resonanz (5,20 AE): Trojaner
Dës stabiliséierend Resonanzen leien baussenzegt vun der Graphik uewen.