Kirow

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stad Kirow am Oblast Kirow. Fir aner Bedeitunge vu Kirow, kuckt wgl. Kirow (Homonymie).
Kirow
Land Russland
Federatiounskrees Wolga
Status Oblast
Regioun Kirow
Gegrënnt 1174
Awunner 501.468 (2017)
Fläch 757
Koordinaten 58°36'N, 49°39'O
Zäitzon UTC+3
Telefonszon 8332
Postcode 610000–610050
Websäit http://www.mo-kirov.ru


Kirow (cyrl: Киров) ass d'Haaptstad vun der Oblast Kirow a Russland. Si läit eng 250 km nordëstlech vu Joschkar-Ola an 315 km nërdlech vu Kasan, um Floss Wjatka, engem Niewefloss vun der Kama. Si huet bal eng hallef Millioun Awunner (Stand 2016) an ass eng wichteg Industriestad mat enger 16.000 Entreprisen.

Landeswäit bekannt sinn d'Dymkower Tounfiguren, déi do zënter dem 16. Joerhonnert fabrizéiert ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Uert gouf am Kader vun de Feldzich vun den Nijni Nowgoroder Siidler géint d'Stied vun der Gëllener Hord als Bausseposte mat Kreml gegrënnt, de Stadhistoriker no wuel géint Enn vum 12. Joerhonnert. Ernimmt gouf en als éischt 1374 als Chlynow (Хлынов).

En ass bis 1489 am Besëtz vum Fierschtentum Nijni Nowgorod bliwwen, ier en un d'Groussfierschtentum Moskau gefall ass, fir dat en och weider nach e wichtege Grenzposte blouf, bis datt Mëtt vum 16. Joerhonnert och déi lescht Rechter vun der Gëllener Hord eruewert waren (dorënner d'Khanat Kasan).

1781 gouf d'Stad vun der Kathrin der Grousser offiziell a Wjatka (Вятка) ëmbenannt. De 7. Dezember 1934 krut se dunn hiren haitegen Numm, nom Politiker Sergei Kirow, dem "Libling vun der Partei", dee knapps eng Woch virdrun ermuert gouf, an zu Urjum am selwechte Gouvernement Wjatka gebuer gouf.

Fotosalbum vun der Stad[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kirow – Biller, Videoen oder Audiodateien