Kisch (Insel)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kish (gr. Aracacta) ass eng iranesch Insel am Persesche Golf, op där een eng Stad mam selwechten Numm fënnt. D'Insel huet eng Fläch vun 90,55 km² a läit ca. 20 km vum Festland ewech. D'Awunnerzuel louch am Joer 2001 bäi ca. 16.500.
Kish ass als Vakanzeninsel vum Reza Schah Pahlavi bekannt. Haut ass si haaptsächlech eng Fräihandelszone an e Vakanzegebitt mat villen Hotellen an Akafsméiglechkeeten. Et existéiere getrennte Plage fir Fraen a Männer.
Kuckeswäert sinn op der Insel ënner anerem d'Alstad, déi ënnerierdesch Waasserzëtären an de Luxushotel an deem de Schah d'Nuechte verbruecht huet.
Bierger vun der Europäescher Unioun kënne vun Dubai aus ouni e besonnesche Visum areesen. Fir d'Rees iwwert den Iran brauch een e Visum fir Iran.
[änneren] Links
| Commons: Kisch (Insel) – Biller, Videoen oder Audiodateien |