Klackegéisserei Maria Laach

Vu Wikipedia

An der Klackegéisserei an der Benediktinerabtei Maria Laach koum et 1999 zu deenen éischte Versich fir Klacken ze géissen.

Et war de Pater Johannes Blessing, deen an der Benediktinerabtei Maria Laach ugefaangen hat fir aner Géissereien nei Klackeprofiller z'entwéckelen.

Wéi 1991 d'Klacke vun der Abtei sollte restauréiert ginn, ass de Benediktinerbrudder Michael Reuter OSB a Kontakt komm mat de wichtegste Fachleit an Europa fir Klacken ze géissen.

Bis 2008 goufe vum Brudder Michael iwwer 500 Klacken an der traditioneller Leemform-Method gegoss. Déi klengst weit 4 kg an déi gréisst zwou Tonnen.

Klacken, déi zu Maria Laach gegoss goufen[änneren | Quelltext änneren]

  • Déi dräi Klacken aus der Kierch Mäerkels, déi am Februar 2003 geweit goufen.
  • Déi fofzeg Klacke vum Klackespill an der Basilika Iechternach, déi am Summer 2008 gegoss goufen an am Fréijoer 2009 opgehaange goufen.