Klaipėda

Vu Wikipedia
Klaipėda
An anere Sproochen de: Memel
Land Litauen
Awunner 158.420 (1. Januar 2023)
Fläch 98 km²
Koordinaten 55°42'45"N, 21°8'6"O
Telefonszon 846
Postcode LT-91001
Websäit http://www.klaipeda.lt


Klaipėda ass deen eenzege Mierhafe vu Litauen um Baltesche Mier. E läit am historesche Memelland ronn 120 km nordëstlech vu Kaliningrad (Königsberg) an 290 km nordwestlech vun der Haaptstad Vilnius ewech. D'Stad ass och ënner hirem historeschen Numm Memel bekannt.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Historesch Kaart vu Memel

Baltesch Stämm hunn am 13. Joerhonnert d'Buerg Klaipėda gegrënnt. Well dëst Gebitt tëscht de Lännereie vum Däitschen Uerden a vum Schwäertbridderuerde louch, goufen d'Stad an d'Buerg 1252 vum Däitschen Uerden eruewert an als Memel vum Schwertbridderuerden iwwerholl. Obwuel dës strateegesch wichteg Buerg geséchert gouf, war keen Enn vun de Konflikter ofzegesinn. Dat louch awer och dodrun, datt den Uerde versicht huet, Litauen ze christianiséieren a politesch ënner Kontroll ze kréien. Doropshi koum et zu Ugrëffer vun de Kuren, den Aukstaiten an den Zemaiten.

1254 gouf Memel Hansestad an 1257 krut si lübescht Stadsrecht. An den Dokumenter gëtt d'Stad elo Memele castrum (Memel- oder Mimmelbuerg) bezeechent. 1328 goungen d'Stad an d'Buerg un den Däitschen Uerden, wat dozou gefouert huet datt Memel als éischt en Deel vum Uerdensstaat ginn ass, an duerno 1525 zu Preise gehéiert huet.

Duerch d'permanent Bedreeë vun den Uerden hu sech déi ostbaltesch Stämm ënner dem Fürst Gediminas 1323 zu engem éischte litauesche Räich zesummegedoen. An de follgende Jore kënnt et ëmmer erëm zu Ausernanersetzunge mat de Stied a Länner ronderëm (Litauen, Danzeg, Polen, Königsberg, Elbing) an d'Stad gouf méi wéi eng Kéier geplëmmt oder néiergebrannt (1379, 1409, 1456, 1459, 1464, 1520).

Zanter dem Fridde vu Melno-See (1422) wou beschloss gëtt datt Memel dem Däitschen Uerde gehéiert, kënnt d'Land emol erëm zur Rou. D'Grenz tëscht Preisen a Litaue war eng vun de wéinege Grenzen, déi iwwer laang Zäit (bis 1923) onverännert blouf.

Kaart vu Klaipėda
Wope vu Klaipėda

Am Joer 1475 kritt Memel d'Kulmer Stadrecht a gouf domat eng preisesch Landstad. 1525 goufen d'Awunner duerch d'Reformatioun mam Albrecht vu Brandenburg-Preussen protestantesch. Wirtschaftlech goung et fir d'Stad biergop, déi nom Drëssegjärege Krich schweedesch gëtt. Am Nërdleche Krich gouf Memel 1678 vun de Schweden néiergebrannt. Am Siwejärege Krich gouf Memel vun 1756-1762 vun de Russe besat.

1871 gëtt Memel en Deel vum Däitsche Keeserräich a wärend der Besetzung vu Berlin souguer kuerzfristeg Haaptstad ënner dem Friedrich Wilhelm III. vu Preisen.

Nom Éischte Weltkrich fält Memel mam Versailler Vertrag un d'Fransousen. Allerdéngs gëtt d'Géigend 1923 vu Litauen ugegraff an d'Fransouse verzéie sech. Den 22. Mäerz 1939 gëtt Memel vum Reich ageholl bis d'Rout Arméi d'Stad 1945 erëm zeréckeruewert. Do gouf Memel dann och a Klaipėda ëmbenannt.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Bis zum Enn vum Zweete Weltkrich hunn do vill Däitscher gewunnt, hautdesdaags ass Klaipėda de Schwéierpunkt vun der russescher Minoritéit a Litauen. Déi gréisst Bevëlkerungsgrupp sinn awer nach ëmmer d'Litauer.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Klaipėda huet eng schéin Alstad mat Fachwierkhaiser. D'Landmaark vun der Stad ass d'Simon Dach-Monument mam Ännchen vun Tharau op der Theaterplaz. Ausserdeem gëtt et zwee historesch Postgebaier.

Sport[änneren | Quelltext änneren]

Leit, déi zu Klaipėda gebuer sinn[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Klaipėda – Biller, Videoen oder Audiodateien