Klangbaach

Vu Wikipedia
Klangbaach
Längt 3,17 km
Originn
Originn Quell
Plaz Pëtschent
Héicht 448 m
Koordinaten 49° 57’ 40.7’’ N
      06° 07’ 50.9’’ O
Konfluenz
Leeft an Our
Plaz Stolzebuerg
Héicht 228 m
Koordinaten 49° 58’ 00.5’’ N
      06° 10’ 04.1’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Regioun Éislek
Uertschaften Pëtschent
Stolzebuerg


D'Klangbaach ass eng Baach an der Gemeng Pëtschent, déi an d'Our leeft.

Si entspréngt op 390 m an enger Sank, um hallwe Wee Loftlinn tëscht Pëtschent a Weiler, eng 200 m ëstlech vun do, wou den CR320 an den CR322 sech kräizen.

Si leeft Richtung Ost-Nordosten, an hëlt op hallwem Wee vu riets eng kleng Baach ouni Numm op, déi vu Süde kënnt, an déi op der Alersang uewent der Pëtschter Kläranlag entspréngt. Kuerz duerno leeft se laanscht den Agank vun der fréierer Koffergrouf vu Stolzebuerg, ier se dann, tëscht den Hiwwele vum Fréibësch am Süden an der Fëschdell am Norden erduerch, zu Stolzebuerg ukënnt wou se (déi lescht 100 m ënnerierdesch) op enger Héicht vun 227 m an d'Our leeft, déi do vum Virwier op der Bréck vu Stolzebuerg gestaut ass.