Klasseschen Zäitalter

Vu Wikipedia
De Parthenon zu Athen.

De Klasseschen Zäitalter war a Griicheland de groussen Deel vum 5. a 4. Joerhonnert v. Chr., vum Stuerz vun der Tyrannis zu Athen 510 bis zum Doud vum Alexander dem Groussen 323. Aner Historiker fänke fir de klasseschen Zäitalter och eréischt 480 mat de Perserkricher un.

D'Expressioun vun engem "klasseschen Zäitalter" koum méi spéit vun de Griichen, déi d'Welt, wéi si virum Alexander ausgesinn huet als "Gëllen Zäitalter" gesinn hunn. Hautdesdaags gëtt den Ausdrock och benotzt, fir d'Period ze beschreiwen, wéi d'griichesch Valeuren a fundamental Institutiounen hiren Héichpunkt haten.

5. Joerhonnert v. Chr.: Perser, Athen a Sparta[änneren | Quelltext änneren]

D'klassescht 5. Joerhonnert v. Chr. ass vu 500 bis 404 v. Chr. gaangen, mat liichte Variante jee no Historiker. Dëst Joerhonnert gouf vun de meeschten Historiker aus athenescher Siicht ënnersicht, well dës Polis déi meescht Erzielungen, Theaterstécker a Wierker hannerlooss huet. Andeems sech op Athen konzentréiert gëtt, kann de klasseschen Zäitalter och 510 mat dem Stuerz vun der Tyrannis an de Reforme vum Kleisthenes ufänken. Fir d'griichesch Welt war d'Joer 500 den Ufank vun der ionescher Revolt, déi d'Perserkricher mat sech gezunn huet. Nom Krich koum et zum Attesche Séibond, an Athen huet seng Muecht ausgebaut, bis Sparta drop opmierksam ginn ass. 431 ass de Peloponnesesche Krich ausgebrach, an Athen huet schlussendlech 404 missen de Kierzeren zéien.

De Stuerz vun der Tyrannis an de Kleisthenes[änneren | Quelltext änneren]

510 huet Athen mat Hëllef vu lakedemoneschen Truppen den Tyrann Hippias gestierzt. De Kleomenes I. huet eng Oligarchie an den Hänn vum Isagoras zu Athen agefouert, mä säi Rival, de Kleisthenes konnt d'Muecht u sech rappen, well hie vun der Bevëlkerung a vun den Demokraten ënnerstëtzt gouf. De Kleomenes huet zwar versicht anzegräifen (508 a 506) mä d'Athener stounge fest hanner dem Kleisthenes. D'Reforme vum Kleisthenes[1] hunn der Polis isonomesch Institutioune ginn, a si sollen och den Ostrakismos agefouert hunn.

D'isonomesch an isegoresch Demokratie huet méi spéit an de Joren 460/450 zu enger méi breeder attescher Demokratie gefouert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Kleisthenes vun Athen an am Artikel Attesch Demokratie

Perserkricher[änneren | Quelltext änneren]

500/499 hu sech d'griichesch Poleis vun Ionien am haitegen Anatolien géint d'persesch Dominatioun erhuewen. Athen huet d'Revoltéiert ënnerstëtzt, mä huet nees séier missen opginn. 494 hunn d'Griichen d'Schluecht vu Lade verluer, a Klengasien ass nees un d'Perser gefall.

Jacques-Louis David, Léonidas aux Thermopyles, 1814.

492 hunn d'persesch Genereel Mardonios an Datis en Ugrëff op d'Inselen an der Egäis ugefaangen, déi sech hinnen ënnerworf hunn, an hu versicht bei Marathon am Joer 490 ze landen, an Athen anzehuelen. Mä d'athenesch Hoplite souwéi d'Verstäerkung vu Plataiai konnten d'Perser ophalen, a si nees op hir Schëffer zeréckdrécken. D'Zaldote sinn nees séier op Athen zeréckgaangen, a wéi d'persesch Flott hei ukomm ass, an déi komplett Arméi nees viru sech hat, sinn si nees ofgezunn.

483 gouf eng Sëlwerminn bei Laurion entdeckt, an duerch d'Mënzen, déi heimat konnte gedréckt ginn, konnt sech Athen et leeschten, 200 Triere bauen ze loossen, fir géint d'Piraterie vun der klenger Polis vun Aigina virzegoen.

480 huet de Xerxes I., Grousskinnek vun de Perser, en neie Versuch gewot, fir Griicheland anzehuelen. Dem Herodot no hat hien 1.207 Schëffer an iwwer 300.000 Zaldoten. Zwou Brécke goufen um Hellespont gebaut, fir de Männer, den Déieren an de Wueren de Wee iwwer dës Mierengt z'erlaben. D'Arméi konnt Thrakien anhuelen, an ass weider Richtung Thessalien a Böotien gezunn. D'persesch Flott ass no bei de Küste bliwwen, an huet d'Arméi mam néidege Proviant versuergt. D'griichesch Flott huet versicht, de Kap Artemision ze blockéieren, wärend eng kleng Grupp ënner dem Kinnek vu Sparta Leonidas sech an der Schluecht vun den Thermopylen geaffert huet.

D'persesch Zaldote sinn iwwer de Landwee op Athen komm, a konnten d'Stad anhuelen, d'Awunner waren ewell evakuéiert. Mä d'griichesch Flott louch nach ëmmer an der Bucht virun Athen. Den Themistokles huet beschloss, d'Perser an d'Mierengt vu Salamis ze lackelen, an d'Griiche konnten d'Perser hei 480 schloen. E Joer drop koum et um Land zu der Schluecht vu Plataiai, souwéi um Mier zu der Schluecht vu Mykale, der definitiver Néierlag vun der persescher Marinn.

D'Perser hu sech doropshin nees zeréckgezunn, an Athen huet seng Positioun, déi et duerch d'Perserkricher kritt hat, ausgebaut an ausgenotzt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Ionesch Revolt an am Artikel Perserkricher

Den Attesche Séibond an den atheneschen Imperialismus[änneren | Quelltext änneren]

Den Attesche Séibond: aus enger Allianz vu fräie Griiche géint d'Perser gouf en Instrument vun der athenescher Politik.

Fir hir Resistenz vis-à-vis vun de Perser weider auszebauen, sinn d'griichesch Poleis an enger militärescher Allianz bliwwen, wouvun Athen d'Hegemonie iwwerholl huet. D'Kykladen an Thrakien goufe befreit, mä zimmlech séier huet d'Arméi virun allem den Zwecker vun Athen gedéngt, well d'Perser definitiv keng Gefor méi waren. Naxos huet den Attesche Séibond am Joer 470 verlooss, mä gouf vun Athen belagert an huet sech misse fügen a seng Participatioun am Séibond weider bezuelen (Phoros).

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Attesche Séibond.
464 koum et um Peloponnes zu engem Äerdbiewen an d'Heloten[2] hu vun der Katastroph profitéiert, an eng Revolt ugefaangen. Sparta hat Problemer, d'Uerdnung nees hierzestellen, an huet schlussendlech Athen ëm Hëllef gefrot. De Kimon ass mat 4.000 Hopliten op Sparta gereest. Säi Géigner, den Ephialtes, huet an der Tëschenzäit zu Athen dovu profitéiter, datt de Kimon fort war, fir demokratesch Reformen duerchzebréngen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Attesch Demokratie.
458 gouf de Bau vun de Laange Maueren tëscht Athen an dem Piräus ugefaangen, an de Schaz vum Séibond gouf vun Delos op Athen bruecht. Dëse Schaz gouf séier mat de Keesse vun der Stad vermëscht, a gouf och fir d'Konstruktioun vu grousse Gebaier wéi dem Parthenon benotzt. No 450 hat den Attesche Séibond eigentlech kee Sënn méi, Griichen a Perser hu géigesäiteg hir Aflosszone respektéiert. 447 huet Theben als Reaktioun op de Séibond d'Konfederatioun vu Böotien gegrënnt.

Den Dynamismus vun Athen huet zu Spannunge mat Sparta gefouert. 446/445 hunn déi zwou Poleis zwar e Friddensofkommes geschwur, mä den atheneschen Afloss huet sech weider verbreet.

De Peloponnesesche Krich[änneren | Quelltext änneren]

Sparta huet dem Spill net méi laang nogekuckt, a sou ass och dem Thukydides no ee vun den Haaptgrënn fir de Peloponnesesche Krich an atheneschem Dynamismus. Aner Grënn waren d'Allianz vun Athen mat Korkyra géint Korinth, d'Belagerung vu Potidaia an den Handelsblokus vu Megara. D'Peloponnesesch Liga huet géint d'Pazifikatiounsvirschéi vum spartanesche Kinnek Archidamos Athen de Krich erkläert.

De Peloponnesesche Krich, 431 - 404.

De Krich huet 431 mat der Belagerung vu Plataiai duerch d'Böotier a Peloponnesier ugefaangen. Ausserdeem sinn d'Lakedemonier an Attika agefall. D'Athenesch Strategie war, sech hanner de Laange Maueren ze verstoppen, a sech duerch säi Séiräich verfleegen ze loossen. 430 koum et zu Athen hanner de Maueren zu enger Epidemie, een Drëttel vun der Bevëlkerung, dorënner de Perikles, sinn ëm d'Liewe komm. 422 konnt Sparta d'Schluecht vun Amphipolis gewannen, mä souwuel de Brasidas wéi och de Kleon sinn hei ëm d'Liewe komm. Den Nikiasfridden gouf 421 beschloss. Trotz dem virleefegen Enn vum Krich war d'Period bis 413 nach laang net friddlech. Athen huet sech als nei Alliéiert Argos, Elis a Mantineia erausgesicht, mä d'Peloponnesesch Liga ass stabil bliwwen, wat si och an der Schluecht vu Mantineia bewisen huet. 415 koum et ënner dem Alkibiades zum Desaster vun der Sizilienexpeditioun.

Sparta huet 414 de Krich nees nei ugefaangen, zesumme mat der Hëllef vum persesche Satrap Tissaphernes. 411 koum et zu Athen zu engem Staatsstreech an eng Oligarchie gouf an d'Liewe geruff. An der Schluecht vun Aigos Potamos 405 gouf d'Athenesch Flott zerstéiert, an Athen huet sech 404 erginn.

D'direkt Konsequenze vum Peloponnesesche Krich waren d'Enn vu Séiräich vun Athen an d'Tyrannis vun den Drësseg. Sparta huet hegemonesch Tendenze gewisen, an um Horizont sinn och aner Poleis zu neier Muecht komm: Korinth an Theben.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Peloponnesesche Krich.

4. Joerhonnert v. Chr.: Kampf ëm d'Hegemonie[änneren | Quelltext änneren]

De Peloponnesesche Krich war eng radikal Wenn an der griichescher Welt. Viru 403 waren d'Saache kloer. Op der enger Säit gouf et Athen mat sengen Alliéierten, wat eng Zon vun Afloss an Dominatioun war, op der anerer Säit hat Sparta d'Hand iwwer de Peloponnes. No 403 goufen d'Saache méi komplizéiert, an eng Partie Poleis hunn hir Chance gesicht, fir eng Hegemonie op d'Been ze stellen, déi allerdéngs ni vu laanger Dauer war.

390 huet Athen en neie Versuch gewot, zu enger Groussmuecht ze ginn, konnt awer d'Positioun aus der Vergaangenheet net méi anhuelen.

Spartanesch Hegemonie[änneren | Quelltext änneren]

Ruine vu Sparta haut.

Sparta konnt eng staark mä kuerz Hegemonie op d'Bee stellen. Um Enn vum 5. Joerhonnert war Sparta Meeschter iwwer Athen a seng Alliéiert. Duerno hunn d'Spartaner nëmmen nach dru geduecht, hir eege Polis ze verdeedegen. Zu dësem Theema koum et zu Diskussiounen ënner de Spartaner. Fir de Lysandros sollen d'Spartaner d'athenescht Séiräich zu hirem eegene Profit nees opbauen. Allerdéngs hunn d'Gesetzer vu Sparta de Besëtz vun Eedelmetall verbueden, all Eedelmetaller waren d'Proprietéit vun der Polis[3]. D'Spartaner ware mat souenger Ännerung allerdéngs net averstanen.

Um Ufank vum 4. Joerhonnert koum den Agesilaos op den Troun, deen eng dynamesch Politik bedriwwen huet, a virun allem op d'Gefill vun Panhellenismus gebaut huet. Hien huet eng Campagne géint d'Perser ugefaangen, déi zwar erfollegräich war, mä och eng persesch Reaktioun mat sech gezunn huet. D'Persescht Gold ass op Athen komm, soudatt si hir Flott nees nei opbaue konnten, genee wéi hir Maueren déi 404 zerstéiert gi waren. 394 hunn d'spartanesch Autoritéiten den Agesilaos nees zeréck op Sparta geholl, an et koum zu engem Guerillakrich tëscht Sparta a Korinth, wat vun Athen ënnerstëtzt gouf. D'Spartaner ware sech bewosst, datt si net op zwee Fronte kämpfe konnten, an hu sech mat de Perser alliéiert.

De persesche Grousskinnek huet d'griichesch Poleis a Klengasien an op Zypern behalen, d'Stied an der Egäis hu bis op Lymnos, Imbros a Skyros hir Onofhängegkeet behalen. D'Allianzsystemer sollten opgeléist ginn, an et gouf och verbueden, nei Konfederatiounen ze grënnen. Sparta war de Garant vun dësem Fridden.

Theben, wat géint eng spartanesch Dominatioun war, ass eng Allianz mat Athen agaangen, an huet versicht déi al Konfederatioun vu Böotien nees opzebauen. An den 370er Jore koum et zu Affrontementer tëscht Sparta an Theben. Athen huet sech Gedanke gemaach, well hinnen d'Muecht vun den Thebaner och lues awer sécher ze grouss ginn ass, an huet 375 d'Säite gewiesselt, an ass eng Allianz mat Sparta agaangen. 371 gouf Sparta an der Schluecht vu Leuktra geschloen, an huet seng Hegemonie verluer, déi un Athen gaangen ass.

Athen: Zeréck an d'5. Joerhonnert ?[änneren | Quelltext änneren]

D'Athener ware géint e Réckgank an d'5. Joerhonnert. An engem Dekreet vum Aristoteles[4] heescht et, datt d'athenesch Hegemonie e Géigegewiicht zu Sparta soll sinn. D'Athener souzen och net am Conseil, dee sech reegelméisseg versammelt huet, an och e politescht a militärescht Géigegewiicht zu Athen war.

Den Erechtheion zu Athen.

Et gouf kee Phoros méi, an d'Kontributiounen un d'Allianz sinn net méi an eng federal Keess gaangen, de Syntaxeis gouf direkt un d'Stratege vun Athen bezuelt, déi domat Truppe fir Athen an d'Alliéiert finanzéiert hunn. Athen selwer huet eng Kontributioun misse leeschten, d'Eisphora.

Um Terrain huet sech allerdéngs wéineg zum 5. Joerhonnert verännert. D'Alliéiert hu sech nees beklot, datt sech näischt geännert hätt. D'Strategen hu gemaach, wat si wollten, an d'Allianz mat Athen war net méi sou attraktiv. Heifir gouf et strukturell Ursaachen. De Sënn vun der Allianz war d'Angscht viru Sparta, mä nodeem dës 371 geschloe gi waren, war d'Allianz hifälleg. D'Athener hate Problemer, hir eege Marinn ze finanzéieren, a konnten hiren Alliéierten net richteg hëllefen. 364 hu Byzanz an Naxos d'Allianz verlooss. Tëscht 357 an 355 koum et zum sougenannte Krich vun den Alliéierten géint Athen. D'Perser hunn agegraff, an domat ass den zweete Versuch vun enger Hegemonie vun den Athener op en Enn gaangen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Zweeten Attesche Séibond.

Den thebanesche Versuch[änneren | Quelltext änneren]

Et war net déi éischt Kéier, datt d'Theben versicht huet, seng Plaz als wichtegste Polis vu Böotien auszebreeden. D'Konfederatioun vu Böotien gouf et schonn am 5. Joerhonnert an d'Spartaner ware frou, dës Muecht mam Kinneksfridden opléisen ze kënnen. Allerdéngs hunn d'Thebaner an den 370er Joren net opgehalen, hir Konfederatioun nees opzebauen.

De Pelopidas an den Epaminondas hunn Theben demokratesch Instutioune ginn, déi deene vun Athen geglach hunn, an hunn hire Wëlle kloer gemaach, d'Konfederatioun vu Böotien nees nei opzebauen, wat hinnen no der Schluecht vu Leuktra gelongen ass. Sparta war geschloen an den Epaminondas huet d'pro-spartanesch Oligarchien opgeléist, an Demokratien installéiert. Hien huet sech och ëm eng Rekonstruktioun vun der Polis Messene gekëmmert, Lakonien iwwerfall fir d'Heloten ze befreien a Messenien nees hierzestelle mat Messene als Haaptstad.

Ruine vun Theben.

Den Epaminondas huet decidéiert, iwwerall am Peloponnes kleng Konfederatiounen an d'Liewen ze ruffen, sou zum Beispill d'Konfederatioun vun Arkadien. De Kinneksfridde vun 367/366 huet der Konfederatioun vun Arkadien e Stréch duerch d'Rechnung gemaach, a Messene huet seng Autonomie behalen.

362 war dann definitiv Schluss no der Schluecht vu Mantineia, déi dohier komm ass, datt d'Thebaner Problemer haten, Konfederatiounen op d'Been ze stellen. D'Thebaner hunn doropshi kee weidere Versuch am Peloponnes gestart.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Konfederatioun vu Böotien.

Bilan[änneren | Quelltext änneren]

Dem Xenophon no war d'Geschicht vun der griichescher Welt an der éischter Hallschent vum 4. Joerhonnert net méi kloer. D'Notioun vun enger Hegemonie ass verschwonnen, an zanter 362 gouf et keng Polis méi, déi kapabel war, dës Plaz anzehuelen. Sparta war geschloen, d'Athener kruten hir Flott net an de Grëff a stoungen no 365 ouni Alliéierten do. Theben konnt seng Hegemonie net laang halen. Den Epaminondas konnt zwar Sparta an Athen klappen, mä konnt sech a Klengasien net duerchsetzen.

Et koum zu ville klenge Kricher tëscht den eenzele Poleis bis zu deem Punkt, wéi d'griichesch Welt vun de Poleis en neie Meeschter sollt fannen: de Kinnek vu Makedonien.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Philippe II. vu Makedonien an am Artikel Alexander de Groussen

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Marie-Claire Amouretti, La Civilisation de la Grèce classique, CNDP, Paräis, 1987.
  • Anne-Marie Buttin, La Grèce classique, Belles lettres, Paräis, 2002. (ISBN 2-251-41012-0)
  • Jean Charbonneau, Grèce classique: 480-330 av. J.-C, Gallimard, Paräis, 1985. (ISBN 2-03-509600-6)
  • Robert Flacelière, La Grèce au siècle de Périclès: Ve siècle avant J.-C., Hachette, Paräis, 1996. (ISBN 2-01-235236-7)
  • Gustave Glotz, La Grèce au IVe siècle: la lutte pour l'hégémonie (404-336), PUF, Paräis, 1941.
  • Anne Jacquemin, La Grèce classique: 510-336 av. J.-C., Ellipses, Paräis, 2002. (ISBN 2-7298-0848-5)
  • Edmond Lévy, La Grèce au Ve siècle: de Clisthène à Socrate, Ed. du Seuil, Paräis, 1997. (ISBN 2-02-013128-5)
  • Charles Picard, La Vie dans la Grèce classique, PUF, Paräis, 1967.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Sizilianesch Vesper war en Opstand aus dem Joer 1282 géint d'Herrschaft vum Charles vun Anjou.
  2. Vgl. Italieenesch Kricher.
  3. Vgl. Schwësterrepublik
  4. D'Reformen, déi als "Reforme vum Kleisthenes" an d'Geschicht agaange sinn, hu sech wuel lues a lues tëscht 510 a 485 entwéckelt, an et ass domat net sécher, datt si alleguer vum Kleisthenes selwer waren.