Kleederbijel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bijelen aus Drot an aus Holz

E Kleederbijel ass e Geschir am Stot, dat dozou dingt, Kleeder an engem Schaf oder enger Garderobe opzehänken. Dofir hu s'uewen e Krop. Well se der Form vun de Schëllere vum Mënsch nogebilt sinn, si se an éischter Linn fir Mäntel, Jacketten, Hiemer, Räck a Blusen.

Dacks hu Bijelen eng Queeschstaang, da kann een do och Boxen drop ophänken. Et ginn och spezial Bijele just fir Boxen oder Jüppen. Am leschte Fall si Kreepercher op der Säit, wou een d'Jupe mat ugebitzten Ophänke festmaache kann.

Commons: Clothes hangers – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen