Kleine Scheidegg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Kleine Scheidegg, 2.061 m héich, ass e Pass am Berner Oberland (Schwäiz) dee vun Biergbunnen befuer gëtt. Hie läit tëschent dem Eiger an dem Lauberhorn. Vun der enger Säit kënnt een vu Wengen erop an op der anerer Säit no Grindelwald erof, an zwar mat der Wengernalpbunn. Vun der Kleinen Scheidegg aus fiert eng aner Biergbunn, d'Jungfraubunn, am Tunnel duerch den Eiger a Mönch erop op d'Jungfraujoch. Op der Kleinen Scheidegg, wou och e groussen Hôtel ass, kann een den Alpinisten mat der Spektiv nokucken, wa si probéieren d'Eigernordwand erop ze klammen. Am Wanter ass d'Kleine Scheidegg an d'Landschaft ronderëm eent vun de schéinste Schigebidder vun der Schwäiz.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- (de) Offziell Säit vun der Jungfraubunn an der Wengernalpbunn
- (de) Geschicht vun der Wengernalpbunn, op däitsch
- (de) Toureguide Kleine Scheidegg
| Commons: Kleine Scheidegg – Biller, Videoen oder Audiodateien |