Klenge Kaukasus

Vu Wikipedia
Kaart vum Klenge Kaukasus (südlech vum Grousse Kaukasus)

De Klenge Kaukasus (Georgesch: მცირე კავკასიონი, Armeenesch: Փոքր Կովկաս, Aseri: Kiçik Qafqaz Dağları, Russesch: Малый Кавказ) ass déi zweet vun dräi Biergketten am Kaukasus, mat enger Längt vun enge 600 km.

Si leeft parallel zum Grousse Kaukasus, a läit op den Territoirë vu Georgien, Armenien, der Tierkei an dem Aserbaidjan. Iwwer de Lichi Bierggrat ass se mam Grousse Kaukasus verbonnen.

Se ass gemenkerhand eng 120 km breet, an hiren héchste Punkt ass mat 4090 m de Bierg Aragaz an Armenien. An hirer Mëtt läit op 1900 m tëscht schnéibedeckte Biergketten de Sewanséi, mat 940 km² ee vun deene gréisste Biergséie vun der Welt an de gréisste Séisswaasserreservoir vun Armenien an dem Kaukasus.