Klibberen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Klibberen ass eng al Traditioun am Elsass, laanscht d'Musel a Frankräich an zu Lëtzebuerg, déi dora besteet, datt d'Klibberjongen an d'Klibbermeedercher, meeschtens d'Massendénger, d'Klacken vu Gréngen Donneschdeg bis Ouschtersonndeg ersetzen, déi dann, wéi et am Volleksmond heescht, op Roum beichte sinn.
Während deenen Deeg iwwerhuelen d’Jongen an d’Meedercher als Massendénger den Déngscht vun de Klacken. Se zéien da mueres, mëttes an owes durch d’Stroossen, fir mat hire Klibberen oder Jarren (fr. Crécelle; de. Schnarre), unzekënnegen, datt d'Mueres- oder d'Owesklack laut oder invitéieren d'Leit an d'Déngschter vum Karfreideg.
Op Ouschtere gi se da belount a kréien d'Ouschtereeër.
[änneren] Literatur
- Mersch, Jules: T Klibberen, Luxemburger Illustrierte, Nr 7/1928, S. 82 a S. 84
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Klibberen – Biller, Videoen oder Audiodateien |