Klierf (Gemeng)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
GeoLUX.png Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Klierf
Détailer
Détailer
An anere
Sproochen:
fr: Clervaux
de: Klerf
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Dikrech
Kanton: Klierf
Buergermeeschter: Yves Arend
Awunner Uertschaft: 1.105
(Juli 2009)
Awunner Gemeng: 2.025
(Juli 2009)
Fläch Gemeng: 2.549 ha
Koordinaten: 50° 03’ 17’’ N
06° 01’ 46’’ O
D'Gemeng Klierf (orange) am Kanton Klierf (rout)
D'Gemeng Klierf (orange)
am Kanton Klierf (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied
Klierfer Kierch

Klierf, fir d'Awunner Cliärref, ass eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen.

[änneren] Uertschaften an der Gemeng

D'Schlass Klierf, doriwwer d'Dekanatskierch an op der Héicht d'Benediktinerabtei Klierf

[änneren] Geographie

Klierf läit op enger Héicht vu ronn 350 Meter am Dall vun der Baach mat demselwechten Numm.

[änneren] Gemengefusioun 2012

Am Joer 2002 hunn d'Schäfferéit vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen sech bei deem deemolegen Inneminister Michel Wolter fir eng méi enk Zesummenaarbecht staark gemaach. De 4. Mee 2006 hunn déi dräi Schäfferéit dem Inneminister hir Absicht matgedeelt fir ze fusionnéiren. Doropshi gouf zesumme mam Inneministère en Investitiounsprogramm op d'Bee gesat, deen am Kader vun der Fusioun soll ëmgesat ginn. Et gouf en Informatiounsdokument fir d'Bevëlkerung erstallt, an de Fusiounsprojet gouf de 25. September 2008 a Presenz vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf de Leit aus den dräi betraffene Gemengen zu Klierf virgestallt.

Den 12. Oktober 2008 ass an deenen dräi Gemengen e Referendum organiséiert ginn, an dee Referendum ass och zugonschte vun där Fusioun ausgaangen. D'Gemengeréit vu Klierf, Hengescht a Munzen hu sech Enn 2008 definitiv fir déi geplangte Fusioun ausgeschwat an hunn enger entspriechender Konventioun mam lëtzebuerger Staat zougestëmmt. Dës Konventioun gouf de 16. Januar 2009 vun de betraffene Regierungsmemberen ënnerschriwwen.

De 17. Februar 2009 huet den Inneminister de Gesetzesprojet iwwer déi geplangte Fusioun an der Chamber déposéiert. De Staatsrot huet säin Avis den 21. Abrëll 2009 ginn, an d'Gesetz iwwer d'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen ass de 7. Mee 2009 eestëmmeg an der Chamber guttgeheescht ginn.

D'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen zu enger neier Gemeng mam Numm Gemeng Klierf gëtt rechtsgülteg wann deen nei gewielte Gemengerot no de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 zesummekënnt, spéitstens awer den 1. Januar 2012.

[änneren] Buergermeeschteren

  • De 16. Februar 2007 gouf den neie Buergermeeschter Yves Arend (CSV) am Inneministär vereedegt. Mat 28 Joer ass hien am Ament dee jéngsten am Land. Vu Beruff ass en Diplomat am Ausseministär.

[änneren] Kuckeswäertes

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Fotoalbum

Klierf vun Reiler-Hoh aus gesinn.
Klierf aus der Loft gesinn


Perséinlech Tools