Klimazon

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Et gi fënnef verschidde Klimazonen op der Äerd: déi polar, déi fiicht-kill, déi fiicht-waarm, déi tropesch an déi dréche Klimazon.

Si hunn all ganz ënnerschiddlech klimatesch Bedéngungen, duerch kal a waarm Mieresstréim, global Wandsystemer, de Relief vun der Äerduewerfläch an doduerch datt d'Äerdachs an engem Wénkel vun 23,5 Grad vis-à-vis vun der Ekliptik steet, an déi doduerch ënnerschiddlech staark Sonnestrahlung.

Dat polart Klima fënnt een an de Polarregiounen an op den Héichte vum Himalaya, an an den Anden. Fiicht-killt Klima gëtt et an den nërdleche Gebidder vun Amerika, Asien an Europa. A West- a Südeuropa fënnt en dat fiicht-waarmt Klima. Typesch fir Südamerika, Afrika an Asien ass dat tropescht Klima. Dat dréchent Klima fënnt een an de Wüstegebidder an a ganz dréchene Biergregiounen.