Klio

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Mus Klio. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Klio (Homonymie)

An der griichescher Mythologie war d'Klio (algr. Kleiô) d'Muse vun der Geschicht a vun der Heldendichtung.

Si gëtt meeschtens als jonkt Meedchen mat Lorberkranz duergestallt, mat den Attributer Papyrusrouleau a Griffel. Et gëtt och Duerstellunge mat enger Gittar, well d'Klio och deelweis als Erfinderin vun der Gittar ugesi gëtt. Och heiansdo gesäit ee si op enger Weltkugel sëtzen, als Symbol fir d'Geschicht déi all Länner an all Zäiten anhëlt.

Klio

D'Klio ass ausserdeem d'Schutzpatréinesch vun den Historiker.

Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Klio – Biller, Videoen oder Audiodateien