Klouschtergaart (Stadgronn)

Vu Wikipedia

De Klouschtergaart ass ee Gaart um Fouss vum Bockfiels am Stater Quartier Stadgronn, nieft der Bréck um Stierchen a vis-à-vis vun Neimënster.

D'Plaz déi an engem Südhank läit, zeechent sech duerch e spezielle Mikroklima aus, deen et erlaabt, am Klouschtergaart rar an ausgefale Kulturplanzen ze zillen. Am Kader vun der Landesgartenschau zu Tréier gouf 2004[1] de Klouschtergaart erëm an d'Rei gesat an och e Wéngert ugeluecht. De Service des parcs[2] vun der Stad Lëtzebuerg bekëmmert sech ëm de Klouschtergaart an organiséiert an de Summerméint reegelméisseg geféiert Visitten.

2018 konnte ronn 260 kg Drauwe gelies ginn, wat eng Produktioun vu ronn 200 Liter Wäin ausmécht. De Wäin, dee vun engem Wënzer vun Nidderdonven gemaach gëtt, gëtt bei Empfäng vun der Stad Lëtzebuerg zerwéiert oder bei offizielle Visitten als Kaddo verschenkt[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Vendanges au Klouschtergaart am City, November 2018, Säit 17
  2. Cf. Service des parcs op der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg