Klupp
Eng Klupp ass en Instrument dat an der Forstwirtschaft gebraucht gëtt fir Duerchmiessere vu Ronnholz (Beem) ze moossen. Wann d'Holz um Buedem läit gëtt den Duerchmiesser op der Mëtt gemooss an de Volume gëtt mat der Zylinderformel gerechent. Wann de Bam nach do steet gëtt op Broschthéicht gemoss an de Volume gëtt meeschtens aus Tabellen erausgelies déi fir verschidden Holzarten a Standorter opgestallt sinn. D'Basis vun der Rechnung ass awer d'Formel fir e Kegel auszerechnen. Well déi Miessungen net sou honnertprozenteg genee sinn a vun der Déckt vun der Schuel ofhänke kënne sinn do Tolereranze virgesinn. Déi Toleranze sinn an EU Bestëmmungen iwwer den Handel vum Holz an Europa festgeluecht.
Et ënnerscheet een hautdesdaags tëschent mechaneschen an elektronesche Kluppen
Mechanesch Kluppe gläichen engem grousse Pied à coulisse. Elektronesch Kluppen erméiglechen eng elekronesch Miessung a Späicherung vun de Miessdaten fir datt déi digital kënne weiderverschafft ginn. Do gëtt et verschidde Bauformen déi awer méi oder wéineger der mechanescher Klupp gläichen.