Knéirenn
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Knéirenn | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Knéirenn am Ourdall, 20.05.2008 |
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| Saxifraga granulata L. 1753 |
|||||||||||||||||
D'Knéirenn (Saxifraga granulata), ass eng Aart vun der Gattung Saxifraga aus der Famill vun den Saxifragaceae.
Dem Heng Klees no huet si nach folgend Nimm: Knërren, Knereen, Knéiren, Käilkraut. Op Däitsch heescht d'Planz "Knöllchen-Steinbrech", op Franséisch "Saxifrage granulée".
D'Planz ass tëschent 15 a 40 cm héich a blitt tëschent Mee a Juni. Si wiisst gären am moore Gréngland.
D'Knéirenn ass eng Heelplanz géint Nieren- a Bloderkränkten.
Et gëtt 2 Ënneraarten:
- Saxifraga granulata ssp. graniticola D. A. Webb
- Saxifraga granulata ssp. granulata L.
Literatur [änneren]
- Klees, Henri, 1994. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. VIII. 3. Aufl., 182 S., Pierre Linden, Luxemburg.
| Commons: Saxifraga granulata – Biller, Videoen oder Audiodateien |