Knuppauto
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Knuppauto ass e klengen elektresch bedriwwenen Auto mat zwou Plazen, dee ronderëm mat décke Gummisborden géint ze haart Stéiss geschützt ass. Knuppautoe fënnt een op Kiermessen als Attraktioun.
E Knuppauto kritt seng Energie iwwer eng Staang déi hannen um Auto festgemat ass an déi op engem droten Netz reift dat um Plafong iwwert der Piste festgemeet ass an ënner Stroum steet.
Ganz kleng Kanner, Fraen déi an aneren Ëmstänn sinn an al Leit solle vun de Knuppautoen ewechbleiwen.
| Commons: Bumper cars – Biller, Videoen oder Audiodateien |