Koalitioun (Politik)

Vu Wikipedia

Eng Koalitioun ass an der Politik den Ëmstand, wann an engem Méiparteiesystem zwou oder méi politesch Parteien oder Gruppéierunge sech an engem Parlament zesummendinn, fir eng Majoritéit vun de Stëmmen ze hunn. Sou Koalitioune kënne spontan bei eenzelen Ofstëmmungen entstoen, gewéinlech awer gëtt eng Koalitioun an engem Koalitiounsaccord formaliséiert, an deem déi betraffe Parteien hir gemeinsam Vuën zu politeschen Theemen a Projeten festhalen.

Dacks gëtt och d'Regierung, déi vu sou enger Koalitioun ënnerstëtzt gëtt, "Koalitiounsregierung" genannt, net zulescht well d'Membere vun där Regierung och Membere vun deene Parteie sinn, resp. hinnen no stinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]