Kochab (Stär)

Vu Wikipedia
Kaart vum Stärebild Ursa Minor

De Kochab (vum arab. al-kaukab oder al-kokab "de Stär") ass d'Bezeechnung vum Stär β (beta) Ursae Minoris am Stärebild Ursa Minor (Kleng Won). Ursprénglech huet de Stär al-kaukab asch-schemali, „de Stär vum Norde“ geheescht an huet bei den arabeschen Astronomen als Polarstär gegollt. Duerch d'Prezessioun vun der Äerd huet sech de Stär um Zenit verréckelt.

De Kochab mécht zesumme mam Pherkad den Ofschloss vun der Këscht vum Klenge Won. De Kochab gehéiert an d'Spektralklass K4, an huet eng visuell Magnitude vu +2,1m. Hien ass zirka 126 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech (Hipparcos Datebank).

Koordinate fir d'Equinoxe J2000.0:

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie