Kodak Stereo

Vu Wikipedia
"Kodak Stereo"

De Kodak Stereo ass e Fotoapparat fir stereoskopesch Fotoen op 35mm Film opzehuelen.

Vun deem Apparat goufen tëscht 1954 an 1959 vu Kodak eng 100.000 fabrizéiert. Et war nom Stereo Kodak 1 vun 1925 deen zweeten a leschte Stereo-Fotoapparat vu Kodak.

Bei all Knäppchendrock koum et zu enger Koppel Biller am Format 23-mol 24 mm. D'Gehais war aus Bakelit an de Sucher war tëscht den Objektiver; eng Koppel "Anaston" mat dräi Elementer an enger Brennwäit vu 35 mm an enger Blend vun 1:3,5 . Schaarfgestallt konnt ee mat Hëllef vu Réng, déi unenee gekoppelt waren. D'Beliichtungszäite gounge vun 1/200 bis 1/25 Sekonn a B.

Am Sucherliichtgank war eng Setzwo, déi hëllefe sollt, den Apparat riicht ze halen.