Köppchen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Koeppchen)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Kapell op der Köppchen

D'Köppchen ass de westlechen Ausleefer vun enger Kopp déi tëscht On a Wuermeldeng läit, an déi hiren héchste Punkt mat 295 Meter iwwer dem Flouer Elterbierg huet.

Köppche selwer, läit op enger Héicht vun an der Moyenne 250 Meter. Duerch hir géi Hanklag déi vu Südwesten no Südosten orientéiert ass, ass d'Köppche besonnesch als Wäilag fir Riesling predestinéiert. Op der Köppchen an an den Nopeschlagen, Nossbam, Nidert, a Pietert sinn dofir mat déi beschte Rieslingscruse vun der Musel ze fannen.

Matten an de Wéngerten gouf am halwen Hank op enger Héicht vun 200 Meter, 1925 eng Kapell zu Éiere vum Hellegen Donatus opgeriicht. Vun der Köppchen aus, engem vun de schéinste Point-de-vuen am Land, huet een en eenzegaartegen Iwwerbléck iwwer Wuermeldeng, op de Wormerbierg an op den Dall vun der Musel.

Kuckt och [änneren]

Vue op Wuermeldeng an op d'Musel