Kokuji

Vu Wikipedia

Kokuji, op Japanesch 国字 kokuji oder 和製漢字 wasei kanji, si Kanji, déi a Japan no de Formprinzippie vun der chineesescher Schrëft entwéckelt goufen, awer an der Reegel nëmmen am Japanesche benotz ginn. Nëmmen a seelene Fäll gouf ee Kokuji och a China iwwerholl.

Déi follgend Tabell enthält e puer Beispiller:

Zeechen Hiragana Romaji Bedeitung Umierkungen
とうげ tōge Biergpass Zesummegesat aus dem Radikal 山 (yama, „Bierg“) an de Kanji 上 (ue, „uewen“) a 下 (shita, „ënnen“).
たこ tako Fluchdraach Zesummegesat aus dem Kanji 風 (kaze, „Wand“) an dem Radikal 巾 (haba, „Duch“).
つじ tsuji Kräizung Zesummegesat aus goen an 十 (jū, „zéng“) (d'Zeeche fir d'Zuel zéng ass hei bildlech als Kräiz ze gesinn).
もく moku Bauholz Zesummegesat aus de Radikaler 木 (ki, „Holz“) a 工 (kō, „Bauaarbecht“).