Gemeng Kolmer-Bierg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Kolmer-Bierg)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kolmer-Bierg
Detailer
An anere
Sproochen:
fr:
de: Colmar-Berg
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Lëtzebuerg
Kanton: Miersch
Buergermeeschter: Gast Jacobs
Awunner Gemeng: 1.860
(?)
Fläch Gemeng: 1.231 ha
Koordinaten: 49° 48' 42" N
06° 05' 32" O
D'Gemeng Kolmer-Bierg (orange)  am Kanton Miersch (rout)
D'Gemeng Kolmer-Bierg (orange)
am Kanton Miersch (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied

D'Gemeng Kolmer-Bierg ass eng vun den 106 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg am Kanton Miersch.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Uertschaften an der Gemeng

D'Gemeng Kolmer-Bierg setzt sech aus den Uertschafte Bierg, Kolmer a Welsduerf zesummen.

[änneren] Geschicht

Duerch Gesetz vum 25. Mäerz 1991 gouf den Numm vun der Gemeng vu "Bierg" (Berg) op "Kolmer-Bierg" (Colmar-Berg) geännert.

[änneren] D'Häre vu Bierg

Am 16. Joerhonnert goufen et zu Bierg en etlech grouss Proprietéite mat Schlässer.De gréissten Deel devunner war an den Hänn vun der Famill Von der Horst, déi ëm 1615 der Koppel Von Heisgen-Woordt alles verkaaft huet. Deenen hiert Kandskand de Johann Gerhard von Heisgen huet nach en etlech Terrainen derbäikaaft. Him ass d'Parkierch déi 1744 gebaut gouf ze verdanken. Déizäit huet Bierg zur Par Bissen gehéiert, bis et 1803 eng eege Par gouf.

De Johann von Heisgen a seng Fra d'D'Marie-Anne de Moreau haten zwee Meedercher, d'Maria Klara Gisberta (*1719) an d'Maria Gisberta Johanna (*1722).

D'Maria Klara hat sech mat engem franséische Capitaine dem Antoine Leclerc de Vrainville aus dem Herzogtum Bar a Loutrengen bestuet. Si hat d'Herrschaft Bierg geierft, an d'Gisberta déi sech mat dem Jean-Baptiste Thierry de Saint-Baussant bestuet huet, hat Folkendeng kritt hat.

Den de Vrainville huet op groussem Fouss gelieft, a lues a lues d'Verméige verpolvert an nach e Pak Schold derbäi gemaach. Besonnesch vill Schold hat hie bei der Maria Gisberta vu Blochausen der Besëtzerin vun der Kolmer Schmelz. 1764 koum esou déi ganz Proprietéit an d'Hänn vun der Famill vu Blochhausen.

[änneren] Politik

Buergermeeschter ass zënter dem Oktober 2011 de Gast Jacobs. Säi Virgänger war de Fernand Diederich.

[änneren] Economie

Den amerikanesche Pneuefabrikant Goodyear gehéiert mat 3.300 Aarbechter zu de gréisste Patronen zu Lëtzebuerg. Zanter 1957 huet d'Goodyear zu Kolmer-Bierg en Technical Center, dee virun allem Pneue fir den europäesche Maart entwéckelt. Donieft ginn zu Kolmer-Bierg och nach Camionspneuen a Sécherheetspneue produzéiert.

[änneren] Infrastrukturen

Zu den Infrastrukturen vu Kolmer-Bierg zielen:

  • ee Centre culturel
  • eng Sportshal
  • 3 Foussballsterrainen
  • 5 Tennisterrainen (5mol French Court)
  • een ëffentleche Park
  • eng Gare (d'Gare Kolmer-Bierg)
  • ee Scoutschalet
  • eng Kierch
  • eng Post
  • eng Schoul
Kolmer-Bierg huet ee Précoce, eng Spillschoul, eng Grondschoul an eng Maison relais. 2005 gouf de Bau vun engem neie Schoulkomplex mat 4 Klassesäll fir d'Spillschoul, 2 Klassesall fir de Précoce an engem Schoulrestaurant beschloss. Dëse Schoulkomplex, deen 6.429.475 € kascht huet, gouf fir d'Rentrée 2008/2009 fäerdeg.
  • eng Schwämm
D'Schwämm vu Kolmer-Bierg huet een Haaptbaseng vun 25x10m an een Niewebaseng vun 10x10m. D'Schwämm ass zanter dem August 2009 bis Mëtt 2011 zou well en neie Komplex mat Wellness-Beräich bäigebaut gëtt, an den alen Deel komplett renovéiert gëtt. Den Devis gëtt op 11.319.816 € chiffréiert, wouvunner de Sportministère 4,5 Millioune bezillt, a Kolmer-Bierg 850.000 €. Der Rescht vun de Käschte gëtt op déi aner 7 Gemenge verdeelt, deenen hir Schoulklasse vun der Schwämm profitéieren, an zwar am Verhältnes zu de Stonnen déi se fir sech reservéiert hunn. D'Soumissioun fir d'Aarbechten gëtt den 21. Juni 2010 op der Kolmer Gemeng opgemaach.

[änneren] Verkéier

[änneren] Stroosseverkéier

Kolmer-Bierg ass un de Stroosseverkéier ugeschloss iwwer d'Autobunn A7, d'Schnellstrooss B7, d'Nationalstroossen N7 an N22, an d'Chemin reprisen CR345 an CR123.

[änneren] Ëffentlechen Transport

[änneren] Eisebunn

Duerch d'Kolmer Gare fiert d'CFL-Linn 10 Lëtzebuerg-Ëlwen.

[änneren] Bussen

Kolmer gëtt vun den RGTR-Buslinne 400, 508, 510, 511, 515, 517, 518, 752, 800, 803, 805, 808, 810, 812, 815, 817, 819, 820, 822, 825, 834, 840, 842, 848 an 946 ugefuer.

[änneren] Veräiner

Kolmer-Bierg huet 18 Veräiner, dorënner 6 Sportsveräiner:

  • Action catholique des femmes du Luxembourg
  • Association des parents
  • Chorale St. Cécile
  • Club des jeunes
  • Croix-Rouge
  • Football ASC
  • Frënn vum Velo Colmar-Berg
  • Goodyear Fëscherclub
  • Goodyear Photoclub Colmar-Bierg
  • Harmonie grand-ducale Orania
  • Indiaca
  • Scouts “Hirsch”
  • Seniorenclub 2006 asbl Colmar-Berg
  • Service d’incendie de la commune de Colmar-Berg
  • Société gymnastique Alouette
  • Supporterclub ASC
  • Syndicat d’initiative
  • Tennis Club

[änneren] Partnerstad

Zënter 2004 ass Kolmer-Bierg d'Partnerstad vu Weilburg an Däitschland. Kolmer-Bierg ass d'Residenz vum Lëtzebuerger Herrscherhaus, dat vu Weilburg kënnt.

[änneren] Kuckeswäertes

[änneren] Fotoalbum

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Kolmer-Bierg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen