Kommissioun Barroso I
Dëst war d'Zesummesetzung vun der Europäescher Kommissioun ënnert der Présidence vum José Manuel Barroso, tëscht 2004 an 2010 (Kommissioun Barroso I)
- José Manuel Barroso, Portugal, Kommissiounspresident
- Margot Wallström, Schweden, Vizepresidentin, Bezéiungen zum Parlament, Ëffentlechkeetsaarbecht
- Günter Verheugen, Däitschland, Vizepresident, Industrie- und Entreprisëpolitik
- Jacques Barrot, Frankräich, Vizepresident, Justiz a Bannenzech Affairen (bis den 9. Mee 2008 Verkéier an Transport)
- Siim Kallas, Estland, Vizepresident, Administratioun, Comptabilitéit a Korruptiounsbekämpfung
- Antonio Tajani, Italien, Vizepresident, Transport (ersetzt zënter dem 9. Mee 2008 de Franco Frattini, dee fir Justiz a Bannenzech Affairen zoustänneg war)
- Viviane Reding, Lëtzebuerg, Informatiounsgesellschaft a Mediepolitik
- Stavros Dimas, Griicheland, Ëmwelt
- Joaquín Almunia, Spuenien, Wirtschaft und Währungsfroen
- Paweł Samecki, Polen, Regionalpolitik (ersetzt zënter dem 13. Juli 2009 d'Danuta Hübner, déi an d'Europaparlament gewielt gouf)
- Joseph Borg, Malta, Fëscherei a Navigatioun
- Algirdas Šemeta, Litauen, Budget (ersetzt zënter dem 1. Juli 2009 d'Dalia Grybauskaitė, déi Presidentin an hirem Land gouf)
- Janez Potočnik, Slowenien, Fuerschung
- Ján Figeľ, Slowakei, Bildung a Kultur
- Androula Vassiliou, Zypern, Gesondheet (ersetzt zënter dem 31. Mäerz 2008 de Marcos Kyprianou, dee bis den 31. Dezember 2006 och fir Konsumenteschutz zoustänneg war)
- Olli Rehn, Finnland, Ausbreedung
- Karel De Gucht, Belsch, Entwécklungspolitik an humanitaire Hëllef (ersetzt zënter dem 13. Juli 2009 de Louis Michel, deen an d'Europaparlament gewielt gouf)
- Andris Piebalgs, Lettland, Energie
- Neelie Kroes, Holland, Konkurrenz
- Mariann Fischer Boel, Dänemark, Landwiertschaft
- Benita Ferrero-Waldner, Éisträich, Aussebezéiungen an europäesch Noperschaftspolitik
- Charlie McCreevey, Irland, Bannemaart a Servicer
- Vladimír Špidla, Tschechesch Republik, Aarbecht a Soziales
- László Kovács, Ungarn, Steieren an Douanesunioun
- Catherine Ashton, Groussbritannien, Handel (ersetzt zënter dem 6. Oktober 2008 de Peter Mandelson)
- Meglena Kuneva, Bulgarien, Konsumenteschutz (zënter dem 1. Januar 2007)
- Leonard Orban, Rumänien, Multilinguismus (zënter dem 1. Januar 2007)
De Rocco Buttiglione an d'Ingrida Udre, déi ursprénglech viergesi waren, sinn duerch de Franco Frattini an den Andris Piebalgs ersat ginn, wéi feststung, datt d'Europäesch Parlament staark Reservë géint des zwéin hat, a bei engem Vote dem Barroso senger Kommissioun d'Vertrauen net (oder nëmme ganz knaps) gestëmmt hätt. Och de László Kovács krut en anere Portefeuille, well e bei den 'Hearingen' am Parlament vill Deputéiert net vu senge Kompetenzen a Saachen Energie iwwerzeege konnt. D'Parlament huet des ëmgeännert Equipe den 18. November 2004 guttgeheescht, sou datt se offiziell den 22. November hir Aarbecht ophuele konnt.