Kommissioun Juncker

Vu Wikipedia
De Jean-Claude Juncker.

D'Kommissioun Juncker ass de Collège vun Europäesche Kommissären ënner der Presidence vum Jean-Claude Juncker. Si huet den 1. November 2014 hir Funktioun ugetrueden als d'Nofollgerin vun der Kommissioun Barroso II. Si besteet aus engem President a 27 Commissairen, wouvunner der 7 Vizepresident sinn.

Am Juli 2014 hunn 422 Deputéiert vum Europäesche Parlament fir de Juncker gestëmmt, 250 géint en, 47 hu sech enthalen, 10 Stëmme waren ongëlteg an 22 goufen net ofginn.

Déi eenzel Commissairë ginn, op Virschlag vun den eenzele Regierunge vun de Memberlänner, vum President erausgesicht; et ass och hien, deen d'hir Aarbechtsberäicher festleet.

Nodeems déi eenzel Kandidaten op e Kommissärsposte vum Europäesche Parlament ausgefrot goufen (wouropshin ee Kandidat huet missen ersat ginn), huet d'Parlament den 22. Oktober 2014 mat 423 dofir an 209 dergéint (bei 67 Enthalungen) der Juncker-Kommissioun säi Vertrauen ausgeschwat.

Cluster[änneren | Quelltext änneren]

D'Commissairë schaffen a sougenannte Clusteren (am Ganze fënnef) zesummen, d. h. a Politikberäicher, déi ënner dës 5 Rubricke falen (si entspriechen deene vum EU-Budget):

  • Intelligenten an inklusive Wuesstem
  • Nohaltege Wuesstem an natierlech Ressourcen
  • Sécherheet a Biergerrechter
  • Globaalt Europa
  • Administratioun

D'Equipe vun der Kommissioun Juncker[änneren | Quelltext änneren]

Cluster Ressort Commissaire/-in Memberstaat national Partei europäesch Partei Foto
President Jean-Claude Juncker Lëtzebuerg Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei Europäesch Vollekspartei
Globaalt Europa Héich Representantin
fir Aussen- a Sécherheetspolitik
;
Vizepresidentin
Federica Mogherini Italien Partito Democratico Sozialdemokratesch Partei vun Europa
1. Vizepresident; Besser Reguléierung Frans Timmermans Holland Partij van de Arbeid Sozialdemokratesch Partei vun Europa
Vizepresidentin; Budget Kristalina Georgiewa Bulgarien GERB Europäesch Vollekspartei
Vizepresident; Digitale Maart Andrus Ansip Estland Estnische Reformpartei Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Vizepresident; Euro a Sozialdialog; Finanzstabilitéit, Finanzservicer a Kapitalmäert Valdis Dombrovskis Lettland Lettland Vienotība Europäesch Vollekspartei
Vizepresident; Aarbecht, Wuesstem a Kompetitivitéit Jyrki Katainen Finnland Nationale Sammlungspartei Europäesch Vollekspartei
Vizepresident; Energie-Unioun Maroš Šefčovič Slowakei SMER – sociálna demokracia Sozialdemokratesch Partei vun Europa
Landwirtschaft Phil Hogan Irland Fine Gael Europäesch Vollekspartei
Klima Miguel Arias Cañete Spuenien Partido Popular Europäesch Vollekspartei
Konkurrenz Margrethe Vestager Dänemark Det Radikale Venstre Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Digital Ekonomie Günther Oettinger Däitschland Chrëschtlech Demokratesch Unioun vun Däitschland Europäesch Vollekspartei
Ekonomie, Steieren, Douane Pierre Moscovici Frankräich Parti socialiste Sozialdemokratesch Partei vun Europa
Educatioun a Kultur Tibor Navracsics Ungarn Fidesz Europäesch Vollekspartei
Emploi, Soziales, Aarbechtsmobilitéit Marianne Thyssen Belsch CD&V Europäesch Vollekspartei
Fëscherei, maritim Affairen, Ëmwelt Karmenu Vella Malta Partit Laburista Sozialdemokratesch Partei vun Europa
EU-Noperschaftspolitik an Erweiderungsverhandlungen Johannes Hahn Éisträich Österreichische Volkspartei Europäesch Vollekspartei
Sécherheet Julian King Vereenegt Kinnekräich keng keng 75px
Gesondheet a Liewensmëttelsécherheet Vytenis Andriukaitis Litauen LSDP Sozialdemokratesch Partei vun Europa
Humanitär Hëllef a Krisemanagement Christos Stylianides Zypern Dimokratikos Synagermos Europäesch Vollekspartei
Bannemaart, Industrie, Entreprisen, PMEen Elżbieta Bieńkowska Polen Biergerplattform Europäesch Vollekspartei
Entwécklungspolitik Neven Mimica Kroatien Socijaldemokratska partija Hrvatske Sozialdemokratesch Partei vun Europa
Justiz, Konsumenten a Gender-Gläichheet Věra Jourová Tschechesch Republik ANO 2011 Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Migratioun a Bannescht Sécherheet Dimitris Avramopoulos Griicheland Nea Dimokratia Europäesch Vollekspartei
Regiounen Corina Creţu Rumänien Partidul Social Democrat Europäesch Vollekspartei
Recherche Carlos Moedas Portugal Partido Social Democrata Europäesch Vollekspartei
Baussenhandel Cecilia Malmström Schweden Moderata samlingspartiet Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Verkéier, Weltraumpolitik Violeta Bulc Slowenien Stranka Mira Cerarja Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]