Konrad I. vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Konrad I. vu Lëtzebuerg
Titelen
Virgänger Giselbert
Nofollger Heinrich III.
Biographie
Gebuer 1040 jul.
Gestuerwen 8. August 1086 jul.
Papp Giselbert vu Lëtzebuerg
Mamm ?
Kanner Heinrich III. vu Lëtzebuerg, Ermesinde vun Namouer, Wëllem vu Lëtzebuerg (1070 – 1129)

De Konrad I., Grof vu Lëtzebuerg, gebuer 1040 a gestuerwen den 8. August 1086, war de Fils vum Giselbert vu Lëtzebuerg a Brudder vum Hermann Grof vu Salm dem däitsche Géigekinnek. Hie war mat der Clémence vu Poitiers bestuet, enger Duechter vum Guillaume d'Aigres. Si hate 5 Kanner.

De Konrad I. ass 1059 nom Doud vu sengem Papp op den Troun komm. Eng vu sengen éischte bekannten Dote war déi, datt en den Äerzbëschof Eberhard vun Tréier gefaange geholl an en op Lëtzebuerg bruecht hat. Doropshi gouf hie vum Poopst Nikolaus II. an de Kierchebann gesat.

De 6. Juli 1083 huet de Grof Konrad d'Benediktinerabtei Almënster gegrënnt. Hien huet dem Klouschter 5 Bauerenhäff (Meierhöfe), d'Fëschereirecht an der Péitruss an an der Uelzecht, e puer Millen an d'Urecht op Bau- a Brennholz aus dem Gréngewald geschenkt.

1085 zitt hie mat senge Bridder (deen ee war Bëschof vun Toul an deen anere Bëschof vu Metz) an d'Hellegt Land. Op der Réckrees ass hien an Italie gestuerwen. Seng Läich gouf 1090 op Lëtzebuerg bruecht an an der Krypta vun der Almënsterabtei bäigesat.

Fir un de Konrad z'erënneren ass zu Hollerech eng Strooss (rue Conrad 1er) no him benannt.

Virgänger:
Giselbert
Grof vu Lëtzebuerg
1059 - 1086
Nofollger:
Heinrich III.