Konrad II. vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Konrad II. 1106 – 1136 |
||||||
|
|
||||||
|---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
De Konrad II. war Grof vu Lëtzebuerg vun 1129 bis 1136. Hie gouf 1106 gebuer an ass 1136 gestuerwen. Hie war den eenzege Fils vum Wilhelm, Grof vu Lëtzebuerg, a vum Mathilde vu Northeim.
Hie war mat der Irmingard vun Zütphen bestuet, Duechter vum Grof Otto vun Zütphen. Si hate keng Kanner.
Wéi hien 1136 am Alter vu nëmmen 30 Joer gestuerwen ass, war déi männlech Linn am 1. Haus Lëtzebuerg erlosch. D'Grofschaft ass op d'Nokomme vun der Ermesinde vu Namouer, enger Duechter vum Konrad I., iwwergaang. D'Ermesinde war bestuet mam Grof Godefroi I. vun Namouer. Hire Fils, den Henri vu Namouer, besser bekannt als Heinrich IV. oder Heng de Blannen, gouf du Grof vu Lëtzebuerg.
| Virgänger: Wilhelm |
Grof vu Lëtzebuerg 1129 - 1136 |
Nofolger: Heng de Blannen |