Konstantin von Tischendorf

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Lobegott Friedrich Konstantin von Tischendorf, gebuer den 18. Januar 1815 zu Lengenfeld (Vogtland) a gestuerwen de 7. Dezember 1874 zu Leipzig, war en däitschen evangeeleschen Theolog.

Liewen [änneren]

Seng éischt Ausbildung krut de Konstantin Tischendorf als Fils vun engem Doktor a Lengenfeld, dann ass hien an d'Gymnasium vu Plauen opgeholl ginn. Méi spéit huet hien zu Leipzig Theologie a Philologie studéiert.

Obwuel hien d'Promotioun erreecht hat, huet hie kaum als Privatdozent geschafft, mä hien huet wéinst sengen Étudë vill Reesen a Frankräich, Groussbritannien, Italien an an de Noen Osten ënnerholl. Eréischt 1845 ass hien op Leipzig zréckgaang, fir seng Fuerschungsresultater auszewäerten. Sechs Joer méi spéit gouf hie Honorarprofessor an 1853 krut hien d'Ordinariat fir Theologie a biblesch Paläographie.

Ënnert anerem huet hien de Codex Ephraemi Syri entziffert an de Codex Sinaiticus entdeckt. Fir dës a vill aner Entdeckungen gouf hie souguer an de russeschen Ierfadel opgeholl.

1873 ass hien un de Suitë vun engem Schlag gestuerwen. Säi Liewenswierk huet de Caspar René Gregory fortgesetzt.

De Codex Sinaiticus [änneren]

Während senge Forschungsreesen huet hien haaptsächlech no ale Bibelhandschrëfte gesicht, wa méiglech no Originalschrëften, fir deenen aneren Theologen Manuskripter virleeën ze kënnen, op déi si zréckgräife kéinten a woubäi si och en zouversichtlechen Ausgangspunkt hätten. Seng bedeitendst Entdeckung war déi vum Codex Sinaiticus (1844) am Katharine-Klouschter, wat hie nach zweemol, am Joer 1853 an 1859, besicht huet.

1862 huet hien dëse Codex veröffentlecht an eng gënschteg Faksimile-Editioun dovunner erausbruecht, fir datt all d'Theologen d'Bibelhandschrëft studéiere kéinten.

Commons: Konstantin von Tischendorf – Biller, Videoen oder Audiodateien