Konstantinbasilika (Tréier)
Dësen Artikel iwwer e reliéist Gebai ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Konstantinbasilika zu Tréier, den Trounsall vum Keeser Konstantin, ass dee gréissten Eenzelraum, deen aus der Antiquitéit erhale bliwwen ass. Gebaut ufanks vum 4. Joerhonnert, wollten d'Réimer mat dësem Bauwierk d'Gréisst a d'Muecht vum Keeser ausdrécken.
Dat réimescht Gebai, dat op der Lëscht vum Weltierwe vun der UNESCO steet, ass 27,2 m breet, 33 m héich an 75 m laang. D'Raumdéift gëtt duerch optesch Raffinessen nach verdäitlecht. De Banneraum war mat Mosaicker a Statue gerëscht a gouf duerch de Marberbuedem gehëtzt. Am 5. Joerhonnert vun de Franken zerstéiert, koum Gebai spéider an de Besëtz vum Tréierer Äerzbëschof.
Am 17. Joerhonnert goufen d'Ost- an d'Südmaueren ofgebaut an de Rescht an deen neie kurfürstleche Palais integréiert, ier déi réimesch Palastaula spéider nees an den ursprénglechen Zoustand bruecht gouf.
Zanter 1856 gëtt se vun der protestantescher Kierch benotzt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Konstantinbasilika (Trier) – Biller, Videoen oder Audiodateien |