Konstantinbasilika (Tréier)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
P Jerusalem.png Dësen Artikel iwwer e reliéist Gebai ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Konstantinbasilika zu Tréier, den Trounsall vum Keeser Konstantin, ass dee gréissten Eenzelraum, deen aus der Antikitéit erhale bliwwen ass. Gebaut ufanks vum 4. Joerhonnert, wollten d'Réimer mat dësem Bauwierk d'Gréisst a d'Muecht vum Keeser ausdrécken.

Konstantinbasilika bannen

Dat réimescht Gebai, wat op der Lëscht vun der Weltierfschaft vun der UNESCO steet, ass 27,2 m breet, 33 m héich an 75 m laang. D'Raumdéift gëtt duerch optesch Raffinessen nach verdäitlecht. De Banneraum war mat Mosaiken a Statue gerëscht a gouf duerch de Marberbuedem gehëtzt. Am 5. Joerhonnert vun de Franken zerstéiert, koum Gebai spéider an de Besëtz vum Tréierer Äerzbëschof. Am 17. Joerhonnert goufen d'Ost- an d'Südmaueren ofgebaut an de Rescht an deen neie kurfürstleche Palais integréiert, ier déi réimesch Palastaula spéider nees an den ursprénglechen Zoustand bruecht gouf.
Zanter 1856 gëtt se vun der protestantescher Kierch benotzt.

Commons: Konstantinbasilika (Trier) – Biller, Videoen oder Audiodateien