Konstellatioun
Ënnert Konstellatioun faasst een an der visueller Astronomie an an der astronomescher Phenomenologie déi visuell Stellung vun den Himmelskierper an Fixstäre zoueneen a Bezuch zum Standpunkt vum Observateur zesummen. Et handelt sech dobäi ëm visuell Himmelsublécker. Dat Wuert kënnt vum laténgeschen stella „Stär“ an dem Préfix con, fräi iwwersat „Zesummetreffen vu Stären“. Säin urspréngleche Sënn gëtt bis haut an der Astronomie an bei der Raumfaart gebraucht.
Konstellatiounen sinn déi relativ Stäreplazen (Stärekonstellatioun), d'Stellungen vun Himmelskierper a Bezuch zum Fixstärhimmel (Planéitestand, Moundstand asw.) an engem gewësse Koordinatesystem oder zoueneen (Aspekt, v. lat.: aspectus = Ubléck, Usiicht), wéi och d'Positioun vun Himmelskierper zu den himmelsmechanesche Referenzpunkten (Equinoxe, Periapsis, Himmelspol an aner).
Speziell Konstellatiounen hunn eege Nimm, ginn awer haut no den – historesche Begrëffer – Stäre, „Wandelstäre“ (Planéite, Asteroide, Mounde) getrennt als Phenomener vun der Astrometrie („Stärevermiessung“) oder astronomesch Ereegnësser vun der Ephemeridenrechnung („astronomescht Dagebuch“).
Konstellatiounen vu Planéiten, Mounden, Koméiten an ähnlechem [änneren]
Déi gebräichlechsten Beispiller vun esou Konstellatiounen bezéien sech op de Wénkel tëschent engem Objet an der Sonn relativ zu der Äerd, d'Elongatioun, d'Differenz vun der ekliptikal Längt vu Sonn an Objet:
- Opposition („Géigeniwwerstoen“) vun engem Himmelskierper, d'Elongatioun ass 180°
- Konjunktioun („Rendez-Vous“), d'Elongatioun ass Null
- Quadratur eng Elongatioun vun 90°
- Hallefphas ( „Zwou Halschenten“), e Phasewénkel vu 90°
- déi gréisste resp. klengste Elongatioun bei de banneschte Planéiten
- Planéiterei resp. Opreiung - laanscht d'Ekliptik, oder och mat anere Stären oder dem Äerdmound geméiss dem Horizont
- Duerchgank (Passage, Transit, Verdäischterung/Okkultatioun, Bedeckung, noe Rendez-Vous), divers Ereegnesser, déi sech op kleng Wénkeldifferenze vun zwéi Objete bezéien
Stärekonstellatiounen [änneren]
- Asterismen, visuell Stärenusammlungen
- déi 88 Stärebiller, déi vun der IAO als internationale Standard vun der Himmelskartéierung festgeluet goufen
- Historesch Stärebiller vun der westlecher Astronomie
- Kartéiersystemer vun anere Kulturen (Sumerer, China, Indien, Mayas asw.)
- Hell Stärekéip – besonnesch bei opfälleger Form: Dëst sinn – wéi uewen erwähnt – an éischter Linn visuell Heefungen
- richteg Stärenusammlungen stinn och tatsächlech raimlech enk:
- richteg Stärekéip: Trapez vun de Plejaden, Stéierkapp vun den Hyaden beispillsweis
- Galaxien: besonnesch d'Mëllechstrooss
- Galaxiëgruppen, Galaxiëkéip an d'Grousstrukture vum Universum.