Konstitutionell Monarchie

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Monarchie constitutionnelle en 2007
Legend :
  • Rout : Konstitutionell Monarchie mat engem Parlament
  • Mof : Konstitutionell Monarchie mat enger méi oder manner grousser politescher Roll
  • Beige : Strikt konstitutionell Monarchie (nëmmen Thailand)

Eng konstitutionell Monarchie ass eng Regierungsform, déi e Monarch, gewielt oder duerch Ierfschaft als Staatschef unerkennt, mee wou d'Muecht vum Monarch duerch eng Konstitutioun limitéiert ass.

Déi modern konstitutionell Monarchien si meeschtens parlamentaresch Monarchien mat engem System vun der Gewaltentrennung, wou de Monarch de symbolesche Chef vun der Exekutiv ass. An der Praxis iwwerhëllt dës Roll e Premier Minister, dee vum Parlament ënnerstëtzt gëtt.

De Monarch, den onofhängeg vu politesche Parteien ass, huet virun allem eng symbolesch Roll, als Garant vun der Konstitutioun an der Demokratie, dem nationalen Zesummenhalt, der Integritéit vum Territoire, mee och als Symbol vun der historescher Kontituitéit vum Staat, Representant a Garant vu sengen Interessen am Ausland. De Monarch kann och e Recht op Rotschléi a Warnungen zu der Politik vum Gouvernement hunn, an en Arbitter am Fall vun enger politescher Kris sinn. Aus dësem Grond spillt de Monarch eng neutral Roll, a kënnt och als Mediateur zum Asaz 1. De parlamentaresche Monarch regéiert, mee gouvernéiert net, oder fir ët mam Adolphe Thiers senge Wierder ze soen:

Le roi n'administre pas, ne gouverne pas, il règne.

De Monarch duerch Ierfschaft kann e Kinnek oder eng Kinnigin sinn, wéi ët an de meeschten europäesche Monarchien de Fall ass, mee och e Groussherzog, wéi zu Lëtzebuerg, oder e Prënz, wéi zu Monaco oder Liechtenstein, oder och e Keeser, wéi a Japan.

D'Konzept vun enger konstitutioneller Monarchie kënnt aus den absolute Monarchien vum Enn vum Mëttelalter, wou d'Autoritéit vum Gouvernement duerch de Monarch a säi Gouvernement ausgeübt ginn ass. Duerch den Developpement vun der Bedeelegung vun der Bevëlkerung an den Demokratien ass d'Muecht bei Versammlungen a Parlamenter iwwergaangen, fir méi demokratesch Systemer an d'Liewen ze ruffen.

An enger konstitutioneller Monarchie geet de Poste vum Staatschef an der kinneklecher Famill weider. De Staatschef ass an der Theorie responsabel fir d'Exekutive, wat och Ausdréck a Formele wéi « Le gouvernement de Sa Majesté » erkläert.

Verschidde Konstitutioune schléissen allerdéngs eng Partizipatioun um Gouvernement aus. Dëst ass de Fall a Schweden an a Japan.

[änneren] Konstitutionell Monarchien an der Welt

Staat Zënter der
Konstitutioun vun
Typ Wahl vum Monarch
Flag of Andorra.svg Andorra 1993 Coprincipautéit Bëschof vu La Seu d'Urgell a President vun der franséischer Republik
Flag of Antigua and Barbuda.svg Antigua a Barbuda 1981 Kinnekräich Ierflech
Flag of Australia.svg Australien 1901 Kinnekräich Ierflech
Flag of the Bahamas.svg Bahamas 1973 Kinnekräich Ierflech
Flag of Bahrain.svg Bahrain 2002 Kinnekräich Ierflech
Flag of Barbados.svg Barbados 1966 Kinnekräich Ierflech
Flag of Belgium.svg Belsch 1831 Kinnekräich Ierflech
Flag of Belize.svg Belize 1981 Kinnekräich Ierflech
Kambodscha Kambodscha 1993 Wahlmonarchie Gewielt vun de neng Membere vum Trounconseil
Flag of Canada.svg Kanada 1867 Kinnekräich Ierflech
Flag of Denmark.svg Dänemark 1849 Kinnekräich Ierflech
Flag of the United Arab Emirates.svg Vereenegt Arabesch Emirater 1971 Wahlmonarchie Gewielt vun de siwen Emiren
Flag of Spain.svg Spuenien 1978 Kinnekräich Ierflech
Flag of Grenada.svg Grenada 1974 Kinnekräich Ierflech
Flag of the Solomon Islands.svg Salomonen 1978 Kinnekräich Ierflech
Flag of Jamaica.svg Jamaika 1962 Kinnekräich Ierflech
FändelJapan.png Japan 1946 Keeserräich Ierflech
Flag of Jordan.svg Jordanien 1952 Kinnekräich Ierflech
Kuwait Kuwait 1962 Emirat Ierflech, mat der Zoustëmmung vun der Famill Al-Sabah an der Majofitéit vun der Nationalversammlung
Flag of Lesotho.svg Lesotho 1993 Kinnekräich Ierflech mat der Zoustëmmung vum Cheffekollegium
Flag of Liechtenstein.svg Liechtenstein 1862 Principautéit Ierflech
Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg 1868 Groussherzogtum Ierflech
Malaysien Malaysia 1957 Wahlmonarchie Gewielt vun den neng Sultane vun de malaiesche Staaten
Monaco Monaco 1911 Principautéit Ierflech
Flag of Morocco.svg Marokko 1962 Kinnekräich Ierflech
Nepal Nepal 1991 Kinnekräich Ierflech
Neiséiland Neiséiland 1840 Kinnekräich Ierflech
Norwegen Norwegen 1814 Kinnekräich Ierflech
Papua-Neiguinea Papua-Neiguinea 1975 Kinnekräich Ierflech
Flag of the Netherlands.svg Holland 1815 Kinnekräich Ierflech
Flag of the United Kingdom.svg Groussbritannien 1688 Kinnekräich Ierflech
Saint Kitts an Nevis Saint Kitts an Nevis 1983 Kinnekräich Ierflech
Saint Lucia Saint Lucia 1979 Kinnekräich Ierflech
St. Vincent an d'Grenadinen St. Vincent an d'Grenadinen 1979 Kinnekräich Ierflech
Schweden Schweden 1719 Kinnekräich Ierflech
Flag of Thailand.svg Thailand 1997 Kinnekräich Ierflech
Flag of Tonga.svg Tonga 1970 Kinnekräich Ierflech
Flag of Tuvalu.svg Tuvalu 1978 Kinnekräich Ierflech

[änneren] Eeler konstitutionell Monarchien

Verschidde Länner haten och de Versuch vun enger konstitutioneller Monarchie gewot, allerdéngs si si spéider nees zum republikanesche System zeréckkomm :

[änneren] Notizen a Referenzen

1: Benjamin Constant

Perséinlech Tools