Kontinent
D'Wuert Kontinent (vum laténgeschen (terra) continens) heescht "Land, dat zesummenhänkt". D'Kontinenter op der Äerd maachen am Ganzen nëmmen 29 Prozent vun der Äerduewerfläch aus. Zum Kontinent gehéiert déi grouss zesummenhängend Landmass wéi och dee vu relativ flaachem Mier bedeckte Kontinentalsockel an deen zum Déifmier offalende Kontinentalhang.
Déi äusserst Schuel vun eiser Äerd ass an eenzel Placken zerbrach. Dës Placken droen d'Kontinenter an d'Mieresbiedem a schwammen um plasteschen Deel vum Äerdmantel. Dësen ass dauernd a Bewegung, wouduerch Placke kollidéieren oder sech verkropen. D'Folleg si Vukanausbrëch, Äerdbiewen a Biergbildungen.
Entstoe vun de Kontinenten [änneren]
Virun 220 Millioune Joer gouf et just een eenzege grousse Kontinent, de Superkontinent Pangäa. Virun 180 Millioune Joer ass Pangäa ausernee gebrach an d'Tethys-Mier ass entstanen. Den Atlantik fänkt u sech ze bilden an Indien drift no Norden. Virun 10 Millioune Joer sinn d'Antarktis an Australien ausernee gebrach. Laurasia zerbrécht wéi den Nordatlantik sech opgemaach huet. Nordamerika kënnt méi wäit vun Europa fort.
Fläch vun den Kontinenten [änneren]
| Numm vum Kontinent |
Fläch (Mio km²) |
% vun der Gesamtiwwerfläch |
% vun der Landfläch |
|---|---|---|---|
| Asien | 44,5 | 8,7 | 30 |
| Afrika | 30 | 5,8 | 20,1 |
| Nordamerika | 24 | 4,7 | 16,1 |
| Südamerika | 18 | 3,5 | 12,1 |
| Antarktis | 14 | 2,7 | 9,4 |
| Europa | 10 | 2,0 | 6,7 |
| Ozeanien | 8,5 | 1,6 | 5,7 |
| Commons: Kontinenter – Biller, Videoen oder Audiodateien |