Kontrakt

Vu Wikipedia
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

E Kontrakt ass eng juristesch Verbindung tëscht 2 oder méi Persounen duerch déi fir jiddwer Partei Obligatiounen entstinn.[1]

De Wäert vun engem Kontrakt fir déi, déi e geschloss hunn, ass am Artikel 1134 vum Code Civil festgeluecht.[2] E Kontrakt huet deemno fir d'Parteien déi e geschloss hunn, déi nämmlecht Valeur wéi e Gesetz a si sinn verflicht de Kontrakt no beschtem Kënnen an Wëssen z'erfëllen.

Konditioune vum Fong a vun der Form[änneren | Quelltext änneren]

Konditioune vum Fong[änneren | Quelltext änneren]

D'Konditioune vum Fong sinn déi Konditiounen, déi e Kontrakt, an déi Persounen, déi en ofschléissen, mussen erfëllen, fir datt de Kontrakt dem Gesetz no gëlteg ass.

Den Artikel 1108 vum Lëtzebuerger Code Civil schreift 4 Konditioune vir.

  • De consentement, also d'Averständnis vun de Persounen déi de Kontrakt schléissen. Dat Averständnis duerf net opgrond vun engem Feeler, enger Täuschung oder Gewalt gi ginn.
  • D'capacité, also d'Kapazitéit vun de Persoune fir e Kontrakt ze schléissen. Zu Lëtzebuerg an an deene meeschten aneren Länner sinn dat groussjäreg Persounen an emanzipéiert Mineuren. Net emanzipéiert Mineuren a Persounen, déi ënner enger Tutelle stinn, hunn net d'Kapazitéit fir e Kontrakt ofzeschléissen.
  • Den Objet vum Kontrakt, also dat wourëms et am Kontrakt geet.
  • D'cause vum Kontrakt, also den Grond firwat d'Parteien dee Kontrakt ofgeschloss hunn.

Ass eng vun dëse Konditiounen net erfëllt, schwätzt de Jurist vun der nullité vum Kontrakt. Dës suergt dofir datt de Kontrakt sou betruecht gëtt, wéi wann et en ni ginn hätt.

Konditioune vun der Form[änneren | Quelltext änneren]

Et ass e wäitverbreeten Iertum, datt e Kontrakt eppes Schrëftleches muss sinn. Reng rechtlech existéiert e Kontrakt vun deem Moment u wou sech d'Parteien iwwer d'Modalitéiten eens sinn, de Jurist schwätzt vun enger rencontre de volontés.

De Grond firwat effektiv vill Kontrakter eng schrëftlech Form hunn, ass fir en einfach kënnen ze beweisen. Den Artikel 1341 vum Code Civil schreift vir datt Kontrakter an deenen et ëm méi wéi 2.500€ geet, mat engem Schrëftstéck musse bewise ginn. [3],[4] Net dovu betraff si Kontrakter tëscht engem Commerçant an engem Net-Commerçant andeems de Commerçant eppes verkeeft.

Kategorië vu Kontrakter[änneren | Quelltext änneren]

Et ënnerscheet een eng ganz Rei vu Kontrakter.

  • contrats synallagmatique,déi fir all d'Parteien Obligatioune schafen (Beispill: eng Vente), a contrats unilatéraux, déi nëmme fir eng Partei Obligatioune schafen (Beispill: en Testament).
  • Zivil Kontrakter, déi duerch de Code Civil gereegelt sinn a kommerziell Kontrakter, déi duerch den Code de Commerce gereegelt sinn.
  • Kontrakter déi an der Dauer beschränkt sinn an där, déi net beschränkt sinn.
  • Verhandlungskontrakt, an deem d'Parteien d'Konditioune vun hirem Kontrakt am Virfeld verhandelen an den Adhesiounskontrakt, an deem eng Partei d'Konditioune fixéiert an déi aner Partei(en) dës akzeptéiren (Beispill: et keeft een eppes bei enger Chaîne an et akzeptéiert een d'Conditions générales vum Verkeefer).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fräi Iwwersetzung vum Artikel 1101 vum Code Civil.
  2. Artikel 1134 vum Code Civil: "Les conventions légalement formées tiennent lieu de loi à ceux qui les ont faites.Elles ne peuvent être révoquées que de leur consentement mutuel, ou pour les causes que la loi autorise.Elles doivent être exécutées de bonne foi."
  3. Artikel 1341 vum Code Civil: "Il doit être passé acte devant notaires ou sous signatures privées de tous actes juridiques portant sur une somme ou valeur excédant celle qui est fixée par règlement grand-ducal, même pour dépôts volontaires, et il n'est reçu aucune preuve par témoins contre et outre le contenu aux actes, ni sur ce qui serait allégué avoir été dit avant, lors ou depuis les actes, encore qu'il s'agisse d'une somme ou valeur moindre."
  4. Archive copy Archivéiert op 2014-04-25. Gekuckt de(n) 2011-02-07.