Konvertibel Obligatioun

Vu Wikipedia

Eng konvertibel Obligatioun kann, laut dem Emissiounsprospekt, zu all Moment, respektiv wärend verschidde Perioden, zu engem festgeluechte Präis an Aktien ëmgewandelt ginn.

Den Zënssaz vun dëser Aart vun Obligatioun ass méi niddereg wéi déi vun enger klassescher. Hire Präis op der Bourse ass direkt ofhängeg vun der Evolutioun vum Cours vun der Aktie an déi si ëmgewandelt ka ginn.