Koordinaten
| Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Koordinate sinn do fir Positioune vu Punkten am Raum festzehalen oder ze bestëmmen.
D'Positioun am Raum gëtt am gewielte Koordinatesystem duerch d'Ugi vun Zuelewäerter, de Koordinaten, eendäiteg bestëmmt.
Duerch d'Zesummestelle vun eenzelne Punkten, loosse sech dann duerch vill Punkte bestëmmten Objeten, wéi Linnen, Kurven, Ofstänn, Flächen, a Kierperen uginn.
D'Zuel vun de Wäerter, déi noutwenneg si fir en Objet ze bestëmmen, entsprécht der Dimensioun vum Raum (dacks als n ofgekierzt). Et hëlt een dann d'Koordinate vun engem n-dimensionale Raum dann och als en n-Tupel vu Koordinaten op.
Den Nullpunkt, bei deem all Koordinaten de Wäert 0 unhuelen, nennt een de Koordinatenursprong.
Dat am heefegste gebrauchte Koordinatesystem ass – dat gëllt besonnesch fir d'Schoulmathematik - dat Kartesescht Koordinatesystem.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- http://www.mathe-online.at/mathint/zeich/i.html - Einfach a verständlech Erklärung
- http://mo.mathematik.uni-stuttgart.de/lexikon/K/koordinatensystem.html - Mathematesch exakt Definitiounen (mat Formelen)
| Commons: Coordinate systems – Biller, Videoen oder Audiodateien |