Korčula

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Kroatien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Korčula [ˈkɔːr.tʃulâ] (däitsch iwwerholl Kurzel, ital. Curzola, griich. Korkyra Melaina, lat. Corcyra Nigra) ass eng kroatesch Insel an der Adria virun der Küst vu Süddalmatien.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Usiicht vun der Stad

Dës Insel gehéiert zur kroatescher Gespanschaft Dubrovnik-Neretva, huet eng Fläch vu 279,03 km2 (Längt 46,8 km, Breet 5,3-7,8 km) a 17.038 Awunner. Déi héchst Punkte sinn déi kleng Bierger Klupca mat 568 m a Kom mat 510 m.

Déi dräi gréisst Uertschaften op Korčula sinn d'Stied Korčula, Blato, an och déi kleng Hafestad Vela Luka, am Weste vun der Insel: Smokvica, Čara, Pupnat, Lumbarda.

An der Stad Korčula kann ee, wéi et heescht, d'Gebuertshaus vum Marco Polo kucke goen, mä dat ass ëmstridden, well d'Meenunge, wou hie gebuer ass, ausernee ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Korčula – Biller, Videoen oder Audiodateien