Korfball

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Korfballkuerf

D'Sportaart Korfball gouf vum Hollänner Nico Broekhuysen entwéckelt an am Joer 1902 veröffentlëcht. D’Spilliddi ass, datt Meedercher a Jongen zesummen an enger Mannschaft spillen. Punkten kënnen erziilt ginn, wann een de Ball vun uewen an e Kuerf schéisst. D’Wuert Korf kennt aus dem Hollänneschen an heescht "Kuerf".


[änneren] Regelen a Besonnesches

E fairt Zesummespill a Gläichberechtegung vu Mann a Fra sinn déi wichtegst Grondsätz am Korfball. Hei déi Haaptregelen:

  • All Equipe besteet aus 4 Männer a 4 Fraen
  • Et gëtt nëmme mat den Hänn gespillt
  • Frae spillen géint Fraen, souwéi Männer géint Männer
  • D’Spillfeld gëtt an 2 Halschechte gedeelt wou jeeweils den Ugrëff an d’Verdeedegung stinn
  • Fir Punkten ze erzilen, muss de Ball vun uewen duerch de Kuerf geworf ginn
  • All Kuerf ergëtt 1 Punkt
  • No 2 Punkten ginn Ugrëff a Verdeedegung gewiesselt (déi déi am Ugrëff gespillt hunn, ginn an d’Verdeedegung an ëmgekéiert)
  • Et däerf kee Punkt gemaach gi wann ee gutt vum Géigner gedeckt ass
  • Kierperkontakt ass begrenzt: Stoussen a falsch Späre si verbueden, sou wéi de Ball dem Géigner aus der Hand schloen
  • 2 Schrëtt sinn erlaabt wann een am Besëtz vum Ball ass: Dribbelen oder mam Ball lafen ass net erlaabt
  • Bei engem Fräistouss muss jiddereen 2,5 Meter vum Kuerf ewech stoen


Déi Regele ginn dem Spill eng bestëmmten Dynamik a fuerderen eng stänneg Bewegung fir sech vum Géigner ze léisen. Dat verlaangt eng grouss Ball- an Bewegungstechnik souwéi Spillverständnes an der Equipe. Korfball ass net nëmmen e Kompetitiounssport, et ass och eng exzellent Familien-, Fräizäit- an Schoulsportaart.

Spillsituatioun am Korfball

[änneren] Wat sinn d’Virdeeler vum Korfball?

  • Männer a Fraen, Jongen a Meedercher spille gläichberechtegt an enger Equipe, also kënnen Partner a Partnerin, Frënd a Frëndin mateneen trainéieren a spillen.
  • Korfball eegent sech als Ballspill fir de Veräin, d’Schoul an d’Fräizäit, an der Hal an och am Fräien.
  • Korfball zesummen erliewen: mat der Equipe Erfolleger feieren an Nidderlage verkraaften, Frëndschafte schléissen a sech ameséieren.
  • International Turnéiere gi vum Fräizäit- bis zum Héichleeschtungssport organiséiert.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen