Korsika

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
GeoFR.png Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Golf vu Girolata a Korsika
Korsika - Corse
Coat of Arms of Corsica.svg
Departementer Corse-du-Sud (2A), Haute-Corse (2B)
Préfecture Ajaccio, Bastia
Awunner 260 196 Awunner
Bevëlkerungsdicht 30 Aw./km²
Fläch 8 680 km²
Arrondissementer 5
Kantonen 52
Gemengen 360
Corse map.png


Korsika ass eng Insel am Mëttelmier déi zanter dem 18. Joerhonnert zu Frankräich gehéiert.

[änneren] Geographesch, demographesch a politesch Donneeën

Korsika ass eng Insel am Mëttelmier a gläichzeiteg eng Regioun vu Frankräich mat engem Extrastatut.

[änneren] Lag a Gréisst

Korsika läit ronn 200 km südwestlech vun der franséischer Côte d'Azur, westlech vun der italienescher Toskana an nërdlech vun der italienescher Insel Sardinien, vun där Korsika duerch d'Strooss vu Bonifacio getrennt ass. Korsika huet eng Fläch vun 8 680 km² an huet 250.000 Awunner (2004). Ët ass dënn besidelt, ronn 30 Awunner/km². Korsika huet eng akzidentéiert Iwwerfläch mat vill Hiwwelen a Bierger . Eng Parti Bierger si méi wéi 2000 m héich:

Eng grouss Parti vun der Insel ass mat Bëscher bewuess. Well de Klima am Summer warem an dréchen ass, si Bëschbränn net seelen. Vill Energie a Mëttel gi gebraucht fir se ze bekämpfen.

[änneren] Politesche Statut an administrativ Ënnerandeelung

Korsika huet haut ee privileegéierte Statut, deen a Frankräich eegenarteg ass. Fréier war et eng Regioun vu Frankräich. Nom vum Gesetz vum 13.Mé 1991 ass Korsika eng Territorial Collectivitéit d'Collectivitéit territoriale de Corse: CTC . Den neie Statut gëtt Korsika méi Onofhängegkeet a Pouvoire, wéi enger Reegioun. Dräi Organer sinn an deem Contexte geschaf ginn:

  • en Executiv-Conseil,
  • eng Korsesch Assembléé an
  • e Wirtschafts- an Sozialrot

Korsika besteet elo, administrativ gesinn, aus zwee Departementer:

[änneren] Sprooch a Kultur

Satellitebild vun der Insel Korsika

D'Korsesch Sprooch ass d'Sprooch vun de Korsen. Wa fréier jidfereen op Korsika korsesch geschwat huet, da sinn et nach haut ronn 60% vun der Populatioun, déi d'Korsesch Sprooch beherrschen. Si ass eng Mëschung vu Franséisch, Latäin an Italienesch. Déi ganz Korsesch Kultur, Gesank, Musek, Spréchwierder ass op dës äusserst originell Sprooch opgebaut. Op si stäipe sech déi staark Autonomiebestriewungen, déi vun der Urbevëlkerung ausginn, an déi vu vill korseschen Associatiounen ënnerstëtzt ginn. Zwar spillt d'Franséischt d'Roll vun der Schrëftsprooch op Korsika. Mä et ass net ze verkennen, datt grouss Efforte gemaach ginn, fir d'Korsescht méi staark ze strukturéieren a fir aus hir méi wéi nëmmen eng reng Mondaart ze maachen.

[änneren] Stied

Ajaccio ass d'Haaptstad vu Korsika. Aner gréisser korsesche Stied:

Aner Stied an Uertschaften:

Perséinlech Tools