Kräizwee

Vu Wikipedia
De Kräizwee zu Celles-lez-Dinant

Als Kräizwee bezeechent een eng kënschtleresch Duerstellung vum Leidenswee (via dolorosa) vum Jesus, vu senger Verurteelung duerch de Pontius Pilatus bis hin zur Grafleeung. Et fënnt ee s'a bal alle kathoulesche Kierchen a Kapellen an heiansdo baussen um Wee fir bei eng Kapell z. B. bei der Kräizkapell Gréiwemaacher oder och fir bei d'Jobskapell um Kuelebierg zu Biekerech.

Traditionell huet e Kräizwee 14 "Statiounen", d. h. 14 Momenter aus dësem Leidenswee, déi sech op biblesch oder net-biblesch Quelle beruffen. Dës Zuel huet uganks variéiert an huet sech du bei 14 (=2*7) stabiliséiert. Déi 14 Statioune sinn:

  1. Geriicht vum Pilatus: de Jesus gëtt zum Doud verurteelt.
  2. De Jesus hëlt d'Kräiz op seng Schëlleren.
  3. De Jesus fält eng éischt Kéier.
  4. De Jesus begéint senger Mamm.
  5. De Simon vun Zyrene hëlleft dem Jesus d'Kräiz ze droen.
  6. D'Veronika reecht dem Jesus e Schweessduch.
  7. De Jesus fält eng zweet Kéier.
  8. De Jesus begéint de Fraen déi kräischen.
  9. De Jesus fält eng drëtt Kéier.
  10. Se klauen dem Jesus seng Kleeder.
  11. De Jesus gëtt un d'Kräiz geneelt.
  12. De Jesus stierft um Kräiz.
  13. De Jesus gëtt vum Kräiz geholl a senger Mamm an de Schouss geluecht.
  14. De Jesus gëtt begruewen.

Als Kräizwee oder Statioune kann een och eng Andacht bezeechnen an där de Leidenswee vum Jesus meditéiert gëtt. Dës Andacht gëtt besonnesch op Karfreideg am Nomëtteg gehalen.

15. Statioun[änneren | Quelltext änneren]

Zanter e puer Joerzéngte gesäit een awer och Kräizweeër mat 15 Statiounen (z. B. an der Kierch vu Rued-Sir). Déi 15. Statioun weist d'Operstéiung an ass wéinst der Wichtegkeet déi dëser vun de Chrëschte bäigemooss gëtt dacks méi grouss wéi déi 14 virdrun (z. B. um Cents, zu Zéisseng oder zu Nidderkäerjeng).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kräizwee – Biller, Videoen oder Audiodateien