Krëppchen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Krëpp oder Krëppchen ass eng Duerstellung, mat Hëllef vu Figuren, vun der Chrëschtdagsgeschicht. Den Numm kënnt vum Fuddertrach (Krëpp) an deem, der Erzielung vum Evangelium (Lk 2,7) no, d'Jesuskand geluecht gouf (sproochleche Phänomen Pars pro toto).
Krëppe fënnt ee souwuel a Wunnenge wéi a Kierchen, se ginn am Laf vum Advent opgeriicht an dacks eréischt op Hëlleger Owend duerch d'Figur vum Jesuskand kompletéiert. Déi duergestallten Zeen ka sech an enger orientalescher, europäescher oder enger Landschaft déi deer Géigend wou déi entspriechend Krëpp sech befënnt, ofspillen. Als Ënnerstand fënnt ee meeschtens e Stall oder eng Hiel.

