Krëppel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Krëppel (v. mëttelnidderdt. kröpel - "de Gekrëmmtenen") ass een a senger Bewegungsfäegkeet physiologesch permanent ageschränkte Mënsch. Och een, deem vu Gebuert un oder duerch Awierkunge vu bausse Glidder feelen, gëtt als verkrëppelt bezeechent. Domadder gehéieren d'Krëppel zu der méi grousser Grupp vun de Behënnerten.

An deene leschten zwee Joerzéngten huet d'Bewegung vun de Politesch Korrekte versicht, dat u sech neutraalt Wuert "Krëppel" ze diskreditéiren a postiv Assoziatioune just nach fir dat neigeschaafte Wuert "Handikapéierten" zouzeloossen. Wéi dat Wuert ofgenotzt war (d.h. je no Kontext och en negative Gebrauch zougelooss huet), gouf de "Behënnerte" forcéiert, deen neierdengs selwer duerch den "Anescht Talentéierten" ersat soll ginn.

Well mat esou euphemistesche Wuertspillereie guer näischt verbessert gëtt, huet d'Krëppelbewegung dëse Begrëff selbstbewosst fir sech an Usproch geholl. Mëtt der 1970er Joren huet nämlech och hei zu Lëtzebuerg en Ëmdenken agesat, an am UNO-Joer vun de Behënnerten 1981 koum et zum Eklat tëscht der etabléierter Behënnertenhëllef, déi virun allem versicht huet déi Behënnert a soziale Sonnerariichtunge virum Rescht vun der Gesellschaft ze verstoppen, an der Krëppelbewegung, déi fir d'Akkzeptanz vun hiren Defauten an en Antidiskriminatiounsgesetz fir den Aarbechtsmaart gekämpft huet.

Och haut ass d'Krëppelbewegung ëmmer nach aktiv a wiert sech dergéint, duerch d'Matleed vun de "Guttmënschen" ausgesënnert ze ginn.

[änneren] Literatur zum Thema

  • Klee, Ernst: Behindertsein ist schön. Unterlagen zur Arbeit mit Behinderten, 1. Oplo, Düsseldorf 1974
  • Sierck, Udo: Die Entwicklung der Krüppelgruppen, an: Wunder, Michael, Sierck, Udo (Edit.), "Sie nennen es Fürsorge. Behinderte zwischen Vernichtung und Widerstand", 1. Oplo, Berlin 1982.
  • Christoph, Franz: Krüppelschläge. Gegen die Gewalt der Menschlichkeit, 1. Oplo, Hamburg 1983

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen