Krüger-Nationalpark

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eng Häip am Camp, wou een d'Nuecht verbrenge kann
De Krüger-Nationalpark
E Léiw lauert
Elefanten trëppelen iwwert d'Stross
Eng Giraff
Impala am Krügerpark

De Krüger-Nationalpark oder Krügerpark (engl.: Kruger National Park) läit am Nordoste vu Südafrika an de Provënzen Mpumalanga an Limpopo. En erstreckt sech vum Krokodilfloss am Süde bis zum Limpopo, dem Grenzfloss am Mosambik, am Norden. En ass ronn 350 km laang, 60 km breet a bedeckt eng Fläch vu ronn 20.000 km². Domat ass de Krügerpark de gréisste Nationalpark vu Südafrika. Am Park ginn et 147 Mamendéierenaarten, eng 500 Vullenaarten an 114 Reptillaarten.
De Krügerpark ka mat engem Privatauto iewer och mat engem Klengbus mat Guide besicht ginn. Besonnesch Moies an aller Fréi sinn d'Chance grouss, fir op enger Foto-Safari vill wëll Déieren kënnen ze knipsen. Ënnerkonft fënnt een an de verschiddene Campen vum Krügerpark. Ausser dem Krügerpark ginn et an der Noperschaft och eng Rei méi kleng Privatparke mat wëllen Déieren.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

De Nationalpark gouf 1898 vum President Paul Kruger gegrënnt, a krut 1961 en Zonk ronderëm, fir esou d'Wëldness ze protegéieren. Haut stellt en dat gréisste zesummenhänkend Schutzgebitt fir wëll Déieren an Afrika duer.

Zënter 2000 gëtt de Park no Mosambik a Simbabwe hi vergréissert. Stroosse féieren duerch de Krüger-Nationalpark.

Fotoalbum vum Krüger-Nationalpark [änneren]


Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Offiziell Säit vum Krügerpark op engl.

Commons: Kruger National Park – Biller, Videoen oder Audiodateien