Kraterrand
De Kraterrand resp. Kraterrampli vun engem Aschlagkrater, beispillsweis vun engem Rankbierg op dem Äerdmound, entsteet bei engem Impakt vun engem massive Klengkierper duerch d'Auswerfe vu staark kompriméiertem Material dat explodéiert.
[änneren] Kraterformung duerch Aschlag
Wann e Meteoroid oder Asteroid aus dem Weltraum erofgeschoss kënnt, huet en eng Vitesse vun 10 bis 70 Kilometer pro Sekonn (30- bis 200-fach ierdesch Schallvitesse). Beim Opprall dréngt hie bis 100 Meter an d'Gestengs an, wat nëmmen e puer Dausendstel Sekonnen dauert. An deem kuerze Moment gëtt all seng kinetesch Energie a Wäermt ëmgewandelt an en explodéiert. D'Material ronderëm gëtt kegelfërmeg ewechgesprengt; um Bord vum Lach, dat entstanen ass, formt en Deel dovun e Rampli. Wann e groussen Objet oder eent mat héijer Vitesse aschléit, fiedert d'Uewerfläch zréck a formt en Zentralbierg. Beim Fall vun enger Kugel an d'Waasser geschitt datselwecht: eng Drëps spréngt an der Mëtt an d'Luucht.
[änneren] Beispill
De fotograféierte Moundkrater Theophilus huet eng 105 km grouss kreesfërmeg Muld am Bueden vum Äerdmound no bei der visueller Moundmëtt an ongeféier 2 Mrd. Joer al. Hien huet eng Ramplihéicht vu ronn 7 km. D’terrassenfërmeg ofgestufte bannescht Häng maachen hien zu engem vun de schéinste Moundobjete. Den Asteroid, deen dës Rankbierger opgeworf hat, war ongeféier 5 km grouss. Duerch dat bei der Explosioun erausgehäite Material läit de Kraterbueden eppes méi déif wéi d’Ëmgéigend.