Krautmaart
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eck Krautmaart a Groussgaass
De Krautmaart (rue du Marché-aux-Herbes) an der Stad Lëtzebuerg ass eng Plaz, oder éischter eng Strooss, déi virum Groussherzogleche Palais, a virun allem virun der Chamber läit.
De Numm kënnt dohier, well d'Leit aus der Ëmgéigend do Kraider a soss Geméis verkaaft hunn. E gouf Ufanks Neie Maart genannt, fir e vum Ale Maart, dem haitege Fëschmaaart, z'ënnerscheeden.
Um Krautmaart stoung bis 1779 d'Nikloskierch.
Den Numm gëtt metonymesch dacks fir d'Chamber, dat Lëtzebuerger Parlament, gebraucht.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Krautmaart – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Stroossen an der Stad Lëtzebuerg
Boulevard Royal | Breedewee | Dräikinneksgaass | Eecherbierg | Groussgaass | Krautmaart | Leschte Steiwer | Rue de la Loge | Paschtoueschgaass | Tilleschgaass | Rue Wiltheim