Krazy Kat

Vu Wikipedia
Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Krazy Kat ass e Comics-Strip vum George Herriman.

E ganzsäitege Comicstrip vun der Krazy Kat

Wéi alles ugoung[änneren | Quelltext änneren]

Wann een dem Maurice Horn a senger The World Encyclopedia of Comics gleewe kann, dann ass de Krazy Kat "universally acclaimed as the greatest comic strip".

An dem Herriman sengem Comic-Strip Dingbat Family ass 1910 schonn eng Kaz an e Bulldog mat dobäi. E bësse méi spéit koum nach eng Maus mat bäi. Mä eréischt am Oktober 1913 kruten déi dräi Figuren en eegene Comic an dem William Randolph Hearst sengem NewYork Journal. Well den Hearst e begeeschterte Frënd vu Comics war, huet hie mat der Zäit dofir gesuergt, datt den Herriman méi Plaz an den Zeitunge krut.

Wie spillt mat?[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Krazy Kat, eng Kaz, déi an eng Maus verléift ass.
  • Den Ignatz Mouse dee bei all Geleegenheet säin Haass no bausse kéiert.
  • Den Offissa Pupp, en Hond als Polizist mat engem Gummisknëppel, deen total an d'Kaz verknallt ass.
  • Eng Zill, déi ëmmer Deeselwechte widder de Kapp kritt.

Wou spillt et sech of?[änneren | Quelltext änneren]

An der Wüst vun Arizona, dem Coconino County.

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

Et geet em d'Léift. Et ass eng Dräiecksgeschicht. D'Krazy Kat, eng naiv, onschëlleg Kaz ass verléift an eng egoistesch, béis Maus, den Ignatz, dee keng Geleegenheet ausléist fir der Kaz eng Zill un de Kapp ze geheien. Awer dat mécht der Kaz guer näischt aus; am Géigendeel, si freet sech gewëssermoossen op déi "Beweiser vu Léift". Dat stéiert de Polizist awer ganz staark, well hien ass onheelbar an d'Kaz verknallt.

De Stil[änneren | Quelltext änneren]

Jore virum James Joyce sengem Finnegans Wake huet den Herriman op eng surreal Manéier mat der Sprooch gespillt. Vun der viktorianescher Sprooch bis zum Stroosseslang, vum Engleschen op Indianer-Dialekter, vum Spueneschen op d'Franséischt, an dat Alles an engem eenzegen Dialog. Dat erënnert natierlech un dem Walt Kelly säi Pogo.

A wéi sot d'Krazy Kat: "It's wot's behind me that I am .."

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Krazy Kat – Biller, Videoen oder Audiodateien